international Tuberkulos-Bekämpfung

Rezent huet den amerikanesche Präsident Donald Trump quasi iwwer Nuecht sämtlech Gelder fir de Programm USAID sträiche gelooss. E groussen Deel vun de Programmer, déi weltwäit am Kampf géint Tuberkulos aktiv sinn, goufe bis elo awer zu groussen Deeler finanziell vun USAID ënnerstëtzt. Opgrond vun de feelende Gelder goufe vill Programmer elo kuerzfristeg gestoppt a betraffe Leit weltwäit kënne weder diagnostizéiert nach behandelt ginn. Déi feelend Behandlung kéint innerhalb vun de nächste Méint am schlëmmste Fall zu enger weltwäiter Ausbreedung vun Tuberkulos féieren, dorënner och vu resistente Bakteriestämm. Och wann den amerikanesche Minister Rubio matgedeelt huet, dass liewenswichteg Programmer weidergefouert géife ginn, sou schéngt dat awer net fir d’Tuberkulos-Programmer ze gëllen. Och d’GDF, d’Global Drug Facility, ass ee vun den Haaptacteure weltwäit bei der Bekämpfung vun Tuberkulos.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert Lëtzebuerg seng Entwécklungshëllef am Beräicher vun der Tuberkulos-Bekämpfung erhéijen, fir dobäi ze hëllefen d’Lächer ze fëllen, déi duerch d’Ofschafe vun der USAID entstane sinn?

  2. Goufen op EU-Niveau scho Gespréicher iwwert d’Konsequenze vun dëser plëtzlecher Ënnerbriechung vun der liewenswichteger Finanzhëllef fir d’global Gesondheet gefouert?

  3. Ginn et Pläng, fir mat aneren europäesche Länner a multilateralen Organisatiounen zesummenzeschaffen, fir d’Kris déi duerch dës Ënnerbriechung entsteet, sou séier wéi méiglech unzegoen?

  4. Huet Lëtzebuerg an der Vergaangenheet d’GDF, d’Global Drug Facility, (co-) finanzéiert? Wa jo, mat wat fir enge Montanten?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1995

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene