Interimskontrakter zu Lëtzebuerg – Nofro

Am Februar 2020 waren iwwert 8’600 Persounen zu Lëtzebuerg duerch Interimskontrakter beschäftegt. Dës Aarbechter, déi sech a priori schonn an enger precairer sozialer Situatioun befannen, kréien d’Liewen duerch d’Interimskontrakter nach méi schwéier gemaach. Grad a Pandemie-Zäiten huet sech gewisen, dass dëse Modell d’Aarbechter net ausräichend viru Krankheet an Aarbechtsverloscht schützt. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°2452 haten d’Ministere fir Wirtschaft an Aarbecht erkläert, dass Verännerungen néideg sinn, fir d’Leit aus dëser Prekaritéit eraus ze kréien oder dës op mannst op ee Minimum ze reduzéieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Interimskontrakter goufen insgesamt an den leschten 18 Méint ofgeschloss (01.01.2020 bis den 1.06.21)? Wéi vill vun dësen d’Interimskontrakter hu jeeweils eng Dauer ëmfaasst vun: 

1. manner wéi enger Woch;

2. 2-4 Wochen;

3. 2-6 Méint;

4. 7-12 Méint;

5. méi wéi 12 Méint?

2. Wéi mir vu Concernéierten zougedroen ginn ass, huet d’Krankekees Problemer, fir Persounen mat ganz kuerzen Aarbechtsverträg zäitno ëmmer ërem an de System opzehuelen an rauszehuelen. Wéi sinn Interimsaarbechter verséchert, speziell am Fall vu ganz kuerze Verträg vun enger Woch oder manner? 

3. An der Äntwert op d’Fro n°2452 hunn d’Ministeren erkläert,  

“Il reste donc primordial à réfléchir sur une adaptation de la législation applicable afin d’éradiquer sinon au moins de limiter à un strict minimum la précarité existante. […]Pour ce qui est de l’idée d’introduire, pour les entreprises de travail intérimaire, la possibilité de conclure des contrats à durée déterminée avec des salariés intérimaires, elle a été discutée avec les partenaires sociaux et un certain nombre de pistes envisageables vont sous peu pouvoir être examinées en interne.”

Huet de Minister sech scho mat all de Sozial-Partner zu dësem Sujet zesummegesat? Wat fir Fortschrëtter goufen an dësem Dossier bis ewell gemaach?

4. An der Äntwert op déi selwecht Fro hunn d’Ministeren och erkläert:

“Cependant, le travail intérimaire, s’il se répète trop souvent et trop longtemps, peut également conduire à enfermer les individus dans un marché secondaire précaire duquel ils ne parviennent plus à sortir.””

Wat fir konkret Mesurë bitt d’Regierung de Betraffenen un, fir ze verhënneren, dass Interimsbeschäftegter op dësem précairen 2ten Aarbechtsmarché agespaart bleiwen? Wat fir konkret Ënnerstëtzungs-Mesurë bitt d’Regierung de Betraffenen un, fir eng Plaz mat engem CDI ze fannen?

5. Wéi vill Persoune hunn zënter 2018 (opgelëscht pro Joer) de Wee vun engem Interimskontrakt op ee CDI fonnt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4546

Zesummenhang posts

 Dëst Joer gouf zu Rodange ee Park&Ride mat iwwer 1500 Parkplazen opgemaach.  An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Am Koalitiounsaccord
Präsent vum Präsidium waren : Gilles, Marc, Sven, Mandy, Camille, Starsky, Raymond.  Debut 9h00, Schluss 15h00 Walanalyse 2023 (Huis Clos)  D’Parteileedung huet aus strategesche Grënn
De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter