Interim zu Lëtzebuerg

Op Interimskontrakter gëtt weiderhin a villen Entreprisen a Secteuren zeréckgegraff. 2020 hunn mir an der parlamentarescher Fro 4546 dorobber opmierksam gemaach, dass a konkrete Fäll Leit vun den Interimsfirme Wochekontrakter ugebuede kréien aplaz CDDe oder CDIe, och wann ee Salarié fir déi nämmlecht Funktioun agestallt ginn ass.  Sécherheetsmoossnamen op den Aarbechtsplaze ginn oft net agehalen, wéi een a Gespréicher mat Interimairë matkritt. Esou kréien eng Rëtsch Interimaire vun hirer Interimsfirma keng Schutzkleedung a keen Aarbechtsgeschier zur Verfügung gestallt.   An enger Äntwert vum Aarbechtsminister op d’parlamentaresch Fro n°1903 ass en Tableau mat der Unzuel u Kontrolle vun Interimsfirme publizéiert ginn. Bei 53 autoriséierten Interimsfirme sinn 2019 nëmmen 11 Kontrollen duerchgeféiert ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Interimskontrakter goufen, opgedeelt no Joer, an de Joren 2020 an 2021 ofgeschloss?

  2. Wéi vill vun den Interimskontrakter hu jeeweils eng Dauer ëmfaasst vun:
    • manner wéi 1 Mount; • 1 bis 2 Méint; • 2-6 Méint; • 7-12 Méint; • méi wéi 12 Méint?

  1. Op d’Fro Nummer 4546 huet de Minister am September 2021 geäntwert, dass de Comité permanent du Travail et de l’Emploi (CPTE) mat de Sozialpartner u legislativen Upassunge vun der Interim-Gesetzgebung diskutéiert huet. Huet sech zënter leschtem Joer eppes an dësem Dossier gedoen?

  2. Kann de Minister erklären, wéi d’Sécherheetskontrolle bei den Interimsfirme funktionéieren a wéi séchergestallt gëtt, dass all Interimaire déi néideg Sécherheetskleedung a Geschier kritt?

  3. Wéi eng Méiglechkeeten hunn Interimairë fir hier Rechter anzefuerderen, ouni de Risiko anzegoen, dass de Patron hiren Interimskontrakt einfach auslafe léisst?

  4. Ënn 2019 huet den Aarbechtsministère eng Circulaire verschéckt un all d’Interimsfirmen.  Kann de Minister präziséieren, wéi d’Unzuel u Kontrolle sech zënterhier, opgelëscht pro Joer, entwéckelt huet?

 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6450

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene