Insertion annuaire: Verëffentlechung vun der Handysnummer am Telefonsbuch

An den Handyskontrakter vun der Post fënnt sech ënnert der Ënnerschrëft “Information compte” nieft den Detailer fir d’Facturatioun och d’Fro no der Insertion annuaire. Falls dës mat “Jo” beäntwert ass, gëtt de Client der Post d’Erlabnis, seng Handysnummer an säin Numm op editus.lu an am Telefonsbuch ze verëffentlechen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Zënter wéini ass d’Méiglechkeet vun der Insertion annuaire an den Telefonskontakter vun der Post festgehalen?

  2. Gëtt am Fall, wou ee Client beim Ënnerschreiwe vun engem Kontrakt “Nee” ukräizt, gepréift, ob d’Date vun dëser Persoun am Annuaire festgehale sinn an entspriechend deem néie Kontrakt aus dësem geläscht ginn?

  3. Wéi vill Persounen hunn an deene leschte 5 Joer bei der Post ugefrot, fir hier Donnéeën aus dem Annuaire ze läschen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4919

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt