ING mécht Clientskonten zou

Wéi a ville Presseartikelen ze liesen ass, mécht d’ING aktuell bei ville Clienten d’Bankkonten zou. Internen Informatiounen no wéilt d’Bank sech nei opstellen an dofir “net-profitabel” Clienten net méi als Clienten hunn. Vill Persoune wëssen net, dass si een Urecht op ee Bankkonto hunn an dass verschidde Banken zu Lëtzebuerg, wou de Staat Aktionär ass, esou ee “Compte de paiement de base” mussen ubidden. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kënnen d’Ministere resüméieren, wéi eng Servicer bei esou engem Compte de paiement de base mussen abegraff sinn?

  2. Wéi vill Persounen zu Lëtzebuerg profitéiere vun engem Compte de base? Wéi huet sech dës Zuel an de leschte 5 Joren entwéckelt?

  3. Hautzudaags brauch een op ville Plazen an och online eng Kreditkaart, fir kënnen ze bezuelen. Huet ee Client mat engem Compte de base een Urecht op eng Debit- a Kreditkaart?

  4. Am Gesetz vum 13te Juni 2017 iwwert d’Comptes de paiement steet geschriwwen, wéi eng Banke mussen ee Compte de paiement de base ubidden. War d’ING zënter der Aféierung vum Gesetz an dësem Fall? Falls nee, wéi eng Bedingunge vum Artikel 23 hat d’ING net erfëllt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 788

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen