ING Night Marathon

D’ING ass hei am Land bekannt duerch säin Netz u Bankagencen, mee virun allem duerch säi Marketing, sief et duerch d’Publicitéit um Findel oder och mam Sponsoring vu Sport-Eventer, wéi dem ING-Night Marathon oder dem Semi-Marathon op der Wäistrooss, déi all Joer stattfannen a wou d’Allgemengheet duerch den CGDIS an d’Police mat fir d’Sécherheet bezuele muss.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°6332 krute mer d’Informatioun, dass eleng d’Käschte vum CGDIS fir dat Event 28.000€ héich waren an dës vum Staat souwéi der Gemeng finanzéiert goufen. Wéi héich waren d’Käschte fir den CGDIS fir den ING-Marathon dëst Joer a wéi héich waren se fir de leschte Semi-Marathon op der Wäistrooss 2023?

  2. An der Äntwert op d’Fro 6332 gouf erkläert, datt aus Sécherheetsgrënn keng operationell Informatiounen zur Police kënne verëffentlecht ginn. Kënnen d’Ministeren awer bestätegen, dass d’Police-Effektiver wéinst dësem Event hu missten ëmorganiséiert ginn?

  3. Kënnen d’Ministeren och soen, op zu deem Dag méi Polizist:innen an der Stad präsent waren?

  4. Goufen d’Käschte vun der Police un d’ING weiderverrechent?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 789

Zesummenhang posts

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Zu Lëtzebuerg gëtt d’Kommunikatioun tëscht Bierger:innen a Verwaltungen duerch d’Gesetz vum 24te Februar 1984 sur le régime des
Bei den CFL kann d’Personal aus dem Cadre permanent ee Promotiounsexamen an hirer jeeweileger Carrière maachen. D’Leit, déi den Examen packen, kënnen esou an
Den Inneministère hat de Gemengen am Joer 2022 an der Circulaire n°4062 matgedeelt, dass si d’Bierger:innen bei Entscheedungen am Bréif mussen iwwert hir juristesch