Informatioun iwwert GOWE s.à r.l.

Léif Memberen,

mir schreiwen eis selwer d’Transparenz op de Fändel a soumat hei eng Informatioun  ronderëm meng geschäftlech Aktivitéit.

Eng Firma (GOWE s.à r.l.) wou ech Parts gehalen hunn, huet virum kuerze missten  Handduch  reechen an hier  Aktivitéit astellen.

Firma koum no dem Oktober 2018 duerch mäin Mandat als Deputéierten a Schwieregkeeten, wei no der Wahl sech déi zwee wichtegst Clients, wuel wéinst mengem politesche Mandat, géint weider Opträg  entscheet hunn.

Et gouf nach probéiert mat engem neie Gerant, fir d’Firma nei auszeriichten, wat awer leider net gelongen ass an der kuerzer Zäit, soumat  just nach d’Faillite iwwreg blouf.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt