Informations sur les entreprises étrangères opérant dans le pays

Heiansdo kënnt et vir, datt eng friem Persoun bei engem un der Dier schellt oder een ee Flyer vun enger Firma an der Bréifkëscht fënnt, mat der Offer, Aarbechten um Haus fir een attraktive Präis duerchzeféieren. Verschidde potenziell Clientë sinn dann net ofgeneigt hiert Haus zu engem gudde Präis ze renovéieren an d’Firma z’engagéieren. Allerdéngs kann de Client op Basis vum Flyer oder dem éischte Gespréich net ëmmer wëssen, op dës Firma an hier Aarbechter regulär zu Lëtzebuerg ugemellt sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wou kënne Privatpersounen nofroen, ob eng auslännesch Firma, déi se engagéiere wëllen, beim Wirtschaftsministère ugemellt ass?  Wou kënne privat Persounen nofroen, op eventuell detachéiert Aarbechter vun dëser Firma bei der ITM ugemellt sinn?

  2. Am Luxembourg Business Register kann een sech iwwert Betriber informéieren, déi ee Sëtz zu Lëtzebuerg hunn. Wéi ass et awer mat Firmen déi just fir eenzel Opträg am Land sinn? Wou steet ee par rapport zu den Independanten? Wéi steet den Här Minister zu enger deem entspriechender Erweiderung vum LBR?

  3. D’Lëtzebuergescht Gesetz gesäit fir, d’ass Persounen, déi Affer vu pratiques commerciales trompeuses goufen, sech bei der UCL, der CEC oder der Police kënne mëllen. An dësem Fall, gëtt eng procédure de référés lancéiert. A Frankräich kënnen d’Léit sech um Site vun der Direction générale de la concurrence, de la consommation et de la répression des fraudes mëlle wou se online Dokumenter kënnen eroplueden, déi da vun enger Kontakt-Persoun gepréift ginn. Dës Kontakt-Persoun kann direkt d’Police oder Douane op d’Platz schécken. Ausserdeem kann de Kontakt dann tranchéiere, sief et no der Analyse vun de geliwwerten Dokumenter, respektive baséiert op der Kontroll sur place vun den Agenten, op se d’Prozedur iwwert de Reféré lancéiert. Dës Prozedur ass hëllefräich, am Fall wou d’privat Persoun sech net sécher ass, op eng pratique commerciale trompeuse vierleit.

    Wéi steet den Här Minister zou esou enger Prozedur ?

    4. Laut dem Art. L. 222-8 vum code de la consommation:

    (1) Tout contrat conclu en dehors d’un établissement commercial suite à un démarchage, ou à une sollicitation de commandes lors d’une visite ou suite à une visite ( non autorisée) par ou pour un professionnel au domicile d’un consommateur ayant manifesté son refus d’être démarché ou sollicité en apposant un autocollant, une vignette ou toute autre indication ad hoc sur la porte d’entrée de sa maison, de son appartement ou de l’entrée principale de l’immeuble dans lequel est sis son appartement ou ayant adhéré à une liste de consommateurs refusant tout démarchage ou sollicitation de commandes est nul de plein droit. Cette nullité ne peut toutefois être invoquée que par le consommateur.  

    Ëm wéi eng Lëschten handelt et sech an dësem Fall?   Wéi kann eng Persoun sech op esou enger Lëscht androe lossen? Hunn Betriber Accès op dës Lëschten, fir kënnen ze iwwerpréiwen op si d’Recht hunn eng Visite maachen ze goen?

    Verlaf an der Chamber

    QP Nummer 3049

    Zesummenhang posts

    Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
    Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
    De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat