Import vu russeschem Petrol trotz EU-Sanktiounen

Als politesch Reaktioun op d’militäresch Invasioun vun der Ukrain duerch Russland, hunn d’EU-Staaten wirtschaftlech Bestrofungen géint Russland decidéiert, dorënner een Importverbuet vu Pëtrol.
D’Plattform tagesschau.de beriicht, dass trotz den EU-Sanktiounen weiderhin russesche Pëtrol op den europäesche Maart gelaangt:
“”Zahlen des Statistischen Bundesamts lassen den Schluss zu, dass Deutschland über Indien weiterhin größere Mengen russisches Öl importiert. Die Einfuhren aus Indien haben sich vervielfacht.””

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Regierung ausschléissen oder bestätegen, dass och Lëtzebuerg nach ëmmer russesche Pëtrol importéiert oder indirekt notzt an deemno nach ëmmer russesche Pëtrol am Tank vu Lëtzebuerger Autoe lant?

  2. Wéi d’Plattform weider schreift:
    “”Nach Untersuchungen des KSE Institute der Kyiv School of Economics wurde russisches Öl in den wichtigsten Exporthäfen des Landes aber zu deutlich höheren Preisen verkauft, zuletzt für mehr als 70 Dollar pro Barrel. Die von den westlichen Staaten erdachte Regelung könne nur funktionieren, “wenn Regierungen den Firmen glaubwürdig demonstrieren, dass sie diese auch durchsetzen werden”, hatte Benjamin Hilgenstock vom KSE Institute dem “Spiegel” gesagt.””

    Wéi eng Moossnahmen sinn op europäeschem Niveau geplangt, fir d’Sanktionen géint Russland konkret ëmzesetzen, soudass een d’EU tatsächlech komplett vu russeschem Pëtrol ofschott? 

  3. Ginn et op EU-Niveau Iwwerleeungen, fir Handelspartnerlänner, wéi Indien, déi russesche Pëtrol un d’EU weiderverkafen, ze sanktionéieren? Wéi steet déi lëtzebuergesch Regierung zu esou Proposen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8326

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt