Impfunge vu Leit mat schwéieren Erkrankungen an der 2 Phase

An hirem Avis vum 12ten Januar huet d’Ethikkommissioun festgehalen, dass Persoune mat Handicap zu Lëtzebuerg missten an der 1ter repsektiv 2ter Phase geimpft ginn (Punkt 9.6 vum Avis). An sengem Avis vum 27ten Januar huet de Conseil supérieur des maladies infectueuses erkläert, dass niewent de Leit iwwert 75 Joer och aner Persounen als “hautement vulnérable” gëllen:

“Au vu des données collectées sur les critères de vulnérabilité depuis le début de la pandémie, la deuxième phase du déploiement de la stratégie de vaccination devra concerner les personnes hautement vulnérables en raison de leur âge ou en raison d’un état de santé préexistant. Il s’agit des personnes de 75 ans et plus (ne séjournant pas en maisons de soins ou centre intégré pour personnes âgées), en commençant par les plus âgées, ainsi que des personnes trisomiques 21, des personnes qui ont bénéficié d’une transplantation d’organe ou de cellules souches hématopoïétiques des patients atteints de cancer ou d’hémopathie maligne sous traitement, et des patients ayant un déficit immunitaire congénital.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persounen, déi sech an enger Situatioun wéi an den uewe genannten Avise beschriwwe befannen, déi bei der Assurance dépendance gemellt sinn, ginn et zu Lëtzebuerg?

  2. Wéi vill Persounen an den uewe genannte Situatioune goufe scho geimpft?

  3. Ginn och Jonker tëscht 16 an 18 Joer, déi duerch hier Situatioun an d’Phase 2 vum Impfplang falen, mat dem Vaccin vu BioNTech-Pfizer geimpft?

  4. Goufe bis elo och Leit an den uewe genannte Situatioune geimpft, déi net an enger betreiter Wunnengsstruktur liewen?

  5. Och Persoune mat engem mentalen Handicap, déi duerch dësen deelweis keng Maske kënnen undinn, sinn engem erhéijte Risiko ausgesat – an dëst onofhängeg dovun, ob se an enger betreiter Wunnengsstruktur liewen oder net. A wéi enger Phase vun der Impfstrategie befanne sech Persounen, déi wéinst hirer Situatioun keng Maske kënnen undinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3840

Zesummenhang posts

Eis sinn e puer Temoignagen zougedroe gi wou Leit Problemer haten, fir d’Bréifwal fir d’Gemengewalen dëse Sonnden aus dem Ausland zréck op Lëtzebuerg ze