Impflëschten an der Schoul

Persounen, déi géint de Covid-19 geimpft sinn, mussen – anescht wéi Leit, déi nach net geimpft sinn – net an eng Quarantäne goen, nodeems si e Kontakt mat enger Persoun haten, déi positiv getest ginn ass. Am Secondaire, wou eng Rei vun de Schüler scho geimpft sinn, mee och ganz vill aner Schüler nach net, bedeit dat, dass bei positive Fäll an der Klass verschidde Kanner a Quarantäne ginn an anerer net. Fir dem Léierpersonal ze hëllefen am Infektiounsfall den Iwwerbléck ze behalen a sécherzestellen, dass och all net-geimpfte Kand a Quarantän geet, sollen d’Enseignantë mengen Informatiounen no Lëschte kréien, op deenen den Impfstatus vun de Kanner aus der Klass vermierkt ass. Dës Lëschte sollen, soubal d’Infektiounsketten nees ënner Kontroll ass an all d’Kanner nees an d’Schoul dierfen, vum Enseignant vernicht, voir “vergiess” ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass et richteg, dass Lëschte mam Impfstatus vu Schüler un Enseignanten eraus gaange sinn?

  2. Ob wéi enger legaler Basis ginn hei déi medezinesch Date vu Mannerjärege weiderginn an traitéiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5114

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt