Impfflicht

Ëmmer erëm kënnt et duerch nei Infektiounswelle souwuel an der Chamber als och an der Gesellschaft zu enger Diskussioun iwwert eng méiglech Impfflicht. Nach ënnert der fréierer Ministesch fir d’Justiz Sam Tanson ass un enger Proposition de loi geschafft ginn déi am Kader vun enger Pandemie eng Impfpflicht virgesäit. An ëffentlechen Interviewen huet d’Madamm Tanson och ëmmer betount dass esou e Projet prett wier. 

Och an der Chamber ass esou eng Impfflicht schonns diskutéiert ginn. Heizou passend ass et zum Beispill am Januar 2022 eng Motioun vun der CSV ginn, déi di deemoleg Regierung dozou opfuerdert „à présenter dans les meilleurs délais un projet de loi insitutant une obligation vaccinale générale pour les résidents et les frontaliers majeurs“. Dës Motioun ass vun der Majoritéit ofgeleent ginn. 

An deem Zesummenhang wëlle mir folgend Froe stellen:

  • Ass de vun der Madame Tanson zitéierte Projet de loi nach existent? Gëtt dëse Projet nach traitéiert oder ass en aus dem Aarbechtsplang gestrach ginn? Falls net, wéini wäert de Projet deposéiert ginn ?
  • Wéi steet de Ministère de la Santé an de Ministère de la Justice haut zu enger Impfflicht ? 

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt