Identifikatioun vun Hausdéieren

De Landwirtschaftsminister hat op d’parlamentaresch Fro n°2499 vum 8te Juli 2020 vun der DP geäntwert, datt et iwwerflësseg wär, eng national Datebank fir vermëssten Hausdéieren anzeféieren:  “Dem Gesetz no mussen d’Hënn a mëttlerweil och d’Kaze gechipt a registréiert sinn. Bei den Déiere vu Proprietären, déi konform mam Gesetz sinn, wat déi virgeschriwwen Identifikatioun ugeet, ass d’Traçabilitéit also gesetzlech gereegelt. Déi Déiere kënnen unhand vun den Informatioune vun hirem Chip liicht identifizéiert an dann d’Proprietären informéiert ginn. […] Ënnert der Berécksiichtegung vun all deene Punkte gëtt et aktuell keng Noutwennegkeet, fir eng ëffentlech Plattform op d’Been ze stellen.”

Allerdéngs präziséieren d’Gesetzestexter net, a wéi enger Datebank d’Donnéeë vun de Chippe mussen enregistréiert ginn. Am Règlement grand-ducal du 5 décembre 2018 déterminant les conditions de détention des animaux ass am Artikel 14 Folgendes festgehalen: “”(3)Tout chat est à identifier par puce électronique. Les données relatives aux chats identifiés électroniquement sont enregistrées dans une banque de données informatisée.”” an am éischten Artikel vum Gesetz vum 9te Mee 2008 relative aux chiens steet geschriwwen: “”Tout chien doit faire l’objet d’une identification électronique dans les quatre mois qui suivent sa naissance. Les données relatives aux chiens identifiés électroniquement seront enregistrées dans une banque de données informatisée. Le procédé de l’identification électronique est déterminé par règlement grand-ducal.””

Nennenswäert ass och, dat schonns op europäeschem Niveau Datebanken existéieren, op där Déierebesëtzer den Chip vun hiren Hausdéieren europawäit enregistréiere kënnen: ee Beispill dofir ass de Site Europetnet. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Datebank ass an dësen Texter genee gemengt? Wien kann alles op d’Informatiounen aus dëser Datebank zougräifen?

  2. Wëssend, datt och d’Donnéeë vum Proprietär op dësem Chip gespäichert an an eng elektronesch Datebank agedroe ginn, missten hei net och d’Krittäre vum GDPR gräifen?  Wéi kontrolléiert de Staat, dass dës Donnéeë GDPR-konform gespäichert ginn? 

  3. Vu, datt de Minister d’Nëtzlechkeet vun den Chippen erkennt, wär et net sënnvoll, datt all d’Policekommissariater an all d’Gemengen mat engem Chipliesegerät equipéiert ginn, fir verlueren Hausdéiere méi schnell kënnen ze identifizéieren, ëmsou méi wa sech erausstellt, datt esou Apparater am Eenzelhandel fir manner wéi 100€ ze kréie sinn? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3013

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat