Hygiènesproduiten fir Fraen

De 26ten November 2021 huet d’Ministesch fir d’Gläichheet tëscht de Geschlechter mat enger Mini-Entreprise aus dem Wolzerlycée een Apparat mat Hygiènesproduiten, wéi Binden an Tamponen, am Drop-In vun der Croix Rouge ageweit. Bei dësem Apparat kënnen d’Persounen, déi et brauchen, sech gratis Hygiènesproduiten huelen. D’Ministesch hat laut Lëtzebuerger Wort schonn am Mäerz 2021 versprach, dass se de Flyer vun der Mini-Entreprise wéilt un d’Gemenge weiderleeden. Den 21ten Mee huet den Inneministère d’Aktioun an der Circulaire n°3999 erwähnt an d’Gemengen opgeruff esou Distributeuren ze bestellen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Gemengen hunn op dësen Opruff bis elo reagéiert a schonns een Apparat bestallt?

  2. Wéi vill Apparater goufen op den Toilettë vun de Gemenge bis ewell installéiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5717

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen