ACCOUNT

Hotelszëmmeren fir Sans-abrien

Communiqué

Duerch d’Reservéiere vun Hotelszëmmere fir Sans-abrien, kann d’Regierung dem HORECA-Secteur hëllefen a gläichzäiteg d’Leit an dësen äisegen Temperature vun der Strooss kréien.

D’Piraten ënnerstëtzen d’Iddi, déi schonn a verschiddene Stied am Ausland ëmgesat gouf, staatlech finanzéiert Hotelszëmmere fir Leit ouni Daach iwwert dem Kapp bereet ze stellen – hëlleft se dach béide Säiten.

An dëse ganz kalen Deeg a Nuechte brauchen d’Sans-abrien eng Plaz, wou se sech kënnen opwiermen a wou se net de Risk lafen, ze erfréieren. Gläichzäiteg kämpfen d’Hotelieren am Land nach ëmmer mat der Covid-Kris an hunn am Moment kaum Clienten, well den Tourismus flaach läit an nëmme Room Service erlaabt ass. De Leit ouni Dag iwwert dem Kapp wärend dem Wanter staatlech finanzéiert Hotelszëmmeren zur Verfügung ze stellen, kéim den Hotelieren an och de Bedierftegen ze gutt.

D’Caritas organiséiert säit Jore mam Familljeministère d’Wanteraktioun. Leider befannen sech déi dofir ageriichte Foyeren nëmmen um Findel a sinn ze wäit ewech, fir déi Sans-abrien, déi sech ausserhalb vun der Stad duerchschloen. Dës Aktioun gëtt zudeem vu ville Leit genotzt an ass dofir oft iwwerlaascht. Mir fuerderen dofir vun der Regierung, dass se sech mat den Hotelieren an de Leit um Terrain, wéi der Caritas, der Stëmm vun der Strooss oder de Street Angels, zesumme sëtzt a séier kuckt, fir déi Leit ënnert Daach ze kréien, déi Hëllef brauchen, a gläichzäiteg den Hotelieren esou ënnert d’Äerm gräift.

Zesummenhang posts

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Aarbechtssichender, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, an déi de Statut vun engem Travailleur handicapé hunn, kënnen an
D’Gesetz vum 14te Juli 2015 reglementéiert den Accès zum Beruff vum Psychotherapeut. Et kann een ee Master an der klinescher Psychologie hunn, aner Diplomer
An hirer Äntwert op meng Question parlementaire n°7357 huet d’Ministesch geschriwwen, dass zum deemolegen Zäitpunkt insgesamt 388 Kanner a Jugendlecher duerch d’Geriichtsuerteeler vun deenen