Hors-cadres CFL

Iwwert 5.000 Persoune schaffe bei den CFL mam Zil, fir Lëtzebuerg um Rullen ze halen. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°949 hat d’Ministesch méi detailléiert Donnéeën iwwert d’Personalsituatioun bei den CFL geliwwert. Wärend d’Gesamtbeleegschaft ëm 8% (ronn 400 Leit) gewuess ass, fält d’Kategorie “Hors Statut CFL” op, wou a véier Jore ronn 66% Wuesstum ze gesinn ass (vun 127 op 211 Persounen).

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Hors-cadres sinn aktuell bei den CFL agestallt? 

  2. Wéi eng Aarbechtskonditiounen applizéieren sech op dës Personalkategorie?

  3. Wéi ass den iwwerproportionale Wuesstum vun 66% op véier Joer z’erklären?

  4. Kann d’Ministesch déi gesamt Remuneratiounskäschten fir déi verschidde Karriäre bei den CFL oplëschten, dëst fir d’Joren 2020 an 2024?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2111

Zesummenhang posts

D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an deene leschte Joren immens geännert. Zënter der Invasioun vun der Ukrain, der uschléissender Inflatioun an der Erhéijung vun
Wärend der Covid-19-Pandemie huet een erausfonnt, dass ee vill Zäit a Ressourcë ka spueren, andeems ee Reuniounen iwwert Videokonferenz ofhält. Esou goufe wärend der
An der Press gouf bericht, datt den US-amerikaneschen Entreprise SpaceX en Accord mat der indescher Firma vum Milliardär Mukesh Ambani ënnerschriwwen huet, fir de