Hondssteier

Am Hondsgesetz gouf 2008 eng Hondssteier festgehalen. All Gemeng muss deemno all Besëtzer vun engem Mupp mat mindestens 10 Euro besteiere. Weder sinn d’Critère bekannt, no deenen de Montant vun der Steier berechent gëtt, nach kann een dovunner ausgoen dass dës Recetten och ëmmer integral am Interêt vun de Muppe genotzt ginn. Op Nofro vun de Piraten bei der deemoleger Regierung am Mäerz 2023 ass och a villen Artikelen ze liese gewiescht, dass dës Steier ganz inkohärent op Gemengenniveau applizéiert gëtt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi héich war d’Hondssteier deen eenzele Gemengen an de Joren 2023, 2024 an 2025 ?

  2. Wéi vill Recetten hunn déi eenzel Gemenge mat der Hondsteier an de Joren 2022, 2023 an 2024 ageholl? Falls d’Konten dem Inneministère fir d’Joer 2024 nach net matgedeelt goufen, wiere mir frou wa mir d’Zuele fir 2024 zu engem spéideren Zäitpunkt kéinte nogereecht kréien.

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2001

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt