Hondsausstellung (DogExpo) soll dëst Joer ausgesat ginn

Published by Piraten on

D’Hondsausstellung (DogExpo) soll dëst Joer ausgesat ginn. Et war eise Kandidat, den Daniel Frères, deen d’Hënn gerett huet an op Mëssstänn vun der Ausstellung opmierksam gemaach huet.

Elo fir Wahljoer, fir gutt do ze stoen, soll se ausgesat ginn. D’Pirate fuerderen awer en allgemengt Ëmdenken a méi Déiereschutz, net nëmmen ee Wahlkaddo.

Am Video gesitt där zwee Hënn, déi vun der Dogexpo gerett gi sinn, an zënter deem beim Daniel Frères liewen.

Déiereschutz stäerken!