Homeopathesch Mëttel

Verschidde Leit setzen op homeopathesch Mëttel, well si der Iwwerzeegung sinn, dass dës Mëttel verschidde Krankheete virbeugen oder heelen. A verschiddene Fäll zéihen dës Mënschen homeopathesch Mëttel hierkëmmleche Medikamenter vir, woubäi déi tatsächlech Wierkung vun homeopathesche Mëttel wëssenschaftlech oft staark ëmstridden ass.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Iwwerhëlt d’CNS aktuell Traitementer mat homeopathesche Mëttel?  Falls jo, wéi eng Traitementer sinn dat, zënter wéini ginn dës rembourséiert a soll dës Reegelung an Zukunft bäibehale ginn?
  2. Däerfen Epicerien a Supermarchéen homeopathesch Mëttel verkafen?  Falls jo, wéi a vu wiem ginn dës Mëttel kontrolléiert?
  3. Däerfen Apdikte Preparater verkafen, déi bei de Leit eng Wierkung virtäuschen, ouni awer eng solch ze hunn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6977

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen