Wien däerf d’Hochzäitszeremonien duerchféieren?

D’Verfassung hält a sengem Artikel 108 fest, dass “La rédaction des actes de l’état civil et la tenue des registres sont exclusivement dans les attributions des autorités communales.” Den Artikel 108 Paragraf 4 hält fest, dass “La commune est administrée sous l’autorité du collège des bourgmestre et échevins, dont les membres doivent être choisis parmi les conseillers communaux.”

Op dëser Basis gëtt am Code civil gereegelt, wéi Hochzäiten hei am Land mussen ofgehale ginn. Den Artikel 44bis vum Code civil gesäit Folgendes vir: “Le bourgmestre peut déléguer à un ou plusieurs fonctionnaires communaux, employés communaux ou salariés à tâche principalement intellectuelle au service de la commune, les fonctions qu’il exerce en tant qu’officier de l’état civil pour la réception des déclarations […] de partenariat, […] de même que pour dresser tous les actes relatifs aux déclarations ci-dessus.” Den Artikel 165 vum Code civil gesäit vir, dass d’Hochzäit vun den zukünfteger Koppel ëffentlech virum Officier de l’état civil vun der Gemeng muss ofgehale ginn.

Eng Fro, déi sech awer stellt, ass wien dës Hochzäiten als Officier de l’Etat civil am Numm vum Staat dierf aktéieren. Op www.vdl.lu ass an der Rubrik “Organiser un mariage” ze liesen, dass de Buergermeeschter oder säi Representant d’Hochzäit duerchféiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Persoune kënne vum Buergermeeschter eng Delegatioun vun der Funktioun als Officier de l’état civil kréien?

  2. Kënnen och d’Membere vum Gemengerot als Officier de l’état civil fungéieren? Falls jo, wéi eng Konditioune mussen dofir erfëllt sinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5319

Zesummenhang posts

Duerch de Klimawandel wäerten d’Waasser an Europa, an och zu Lëtzebuerg, ëmmer méi knapp ginn. An enger rezenter Etüd mécht den European Parliamentary Research
Zu Lëtzebuerg reegelt ee groussherzoglecht Reglement vum 16te November 2018 baséierend um Déireschutzgesetz, wéi eng Déieren een als Hausdéier halen dierf. Op der Lëscht
D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an deene leschte Joren immens geännert. Zënter der Invasioun vun der Ukrain, der uschléissender Inflatioun an der Erhéijung vun