Hin an hir verweisen tëscht Ministèren

Un eis goufe Fäll erugedroen, wou Persounen sech iwwert de Stand vun hirem Dossier bezüglech hirer Demande fir d’Primm fir eng Photovoltaik-Anlag wollten informéieren. Wann si beim Guichet unique des aides au logement ugeruff hunn, goufen si um Telefon un den Ëmweltministère verwisen. Der Klima-Agence wär dee Problem och scho bekannt an dass et ganz dacks géif virkommen, dass d’Leit vu A u B an ëmgedréint géife verwise ginn.

  1. Wéi ass et méiglech, dass Persounen tëscht verschiddene Ministèren oder aneren Ulafplazen hin an hir verwise ginn, obwuel et Sënn an Zweck vun engem Guichet unique soll sinn, dass concernéiert Persounen hir Demande just un eng Plaz solle riichten?
  2. Wat gedenkt de Minister ze maachen, fir dass concernéiert Persounen an Zukunft direkt un déi néideg Informatiounen an Uspriechpartner kommen amplaz ëmmer nees un eng aner Ulafstell verwisen ze ginn?

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen