High Seas Treaty

De “High Seas Treaty”, dee formell “Implementing Agreement under the United Nations Convention on the Law of the Sea on the Conservation and Sustainable Use of Marine Biological Diversity of Areas Beyond National Jurisdiction” heescht, ass am September 2023 fir d’Ënnerschrëft opgaang. Dësen Treaty ass kritesch fir den Schutz vun der marinner Biodiversitéit an den internationalen Gewässer, déi 43 Prozent vun eiser Äerduewerfläch ausmaachen.

Fir datt den Treaty a Kraaft triede kann, mussen op d’mannst 60 Länner e ratifizéieren. D’UN Ozean Konferenz am Juni 2025 zu Nice gouf als Zil gesat fir dës Ratifikatiounen ze erreechen. Bis elo huet Lëtzebuerg dësen Treaty zwar ënnerschriwwen, mee nach net ratifizéiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéini plangt d’Regierung de “High Seas Treaty” der Chamber fir d’Ratifikatioun virzeleeën?

  2. Wat fir Virbereedungsaarbechten, souwuel juristesch wéi administrativ, sinn néideg éier de Ratifikatiounsprozess ka starten?

  3. Wéi eng Ressourcen oder Kapazitéite muss Lëtzebuerg opbauen oder adaptéiere fir d’Ëmsetzung vum Treaty ze garantéieren?

  4. Wéi eng Ministèren a Verwaltunge sinn an de Ratifikatiounsprozess agebonnen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1826

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt