Heure d’actualité de la sensibilité politique déi Lénk au sujet des relations économiques avec des pays qui ne respectent pas les droits humains

. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Alleréischt soen ech
och deene Lénken an dem Nathalie Oberweis Merci fir
d’Ufro vun dëser Aktualitéitsstonn. Et ass en Theema,
wat net nëmmen duerch d’Aggressiounen, duerch d’Invasioun vum Putin sengen Arméien an der Ukrain un
Aktualitéitswäert gewonnen huet, mee generell, mengen ech, meritéiert, an der Chamber diskutéiert ze
ginn.
Gläichzäiteg huet natierlech den Ugrëff op d’Ukrain
duerch dem Putin säi Regimm vill Prinzippien a kuerzer
Zäit op d’Kopp geworf. Dat internationaalt Vëlkerrecht
ass vun engem Moment op deen anere mat Féiss getrëppelt ginn, wéi dem Putin seng Truppen ee souveräne Staat ugegraff hu mam Zil, fir d’Grenzen op der
Weltkaart mat Gewalt a mat Blutt nei ze zeechnen.
Mee och d’Reaktiounen aus dem Weste ginn iwwer
alles eraus, wat mer bis elo kannt hunn. Nieft haarde
wirtschaftleche Sanktiounen, déi scho bal engem Handelsembargo gläichen, wa mer elo nach géifen d’Energieimporter dranhuelen, schécken d’NATO-Staate
Waffen a militärescht Material an d’Krichsgebitt.
An och mir Piraten begréissen, datt de Wirtschaftsminister elo eng nei Doktrinn beim Aussenhandel wëllt,
déi sech also um Respekt vun de Mënscherechter an de
jeeweilege Länner orientéiert. Virun allem de Prinzipp
vun der Due Diligence, also der Sorgfaltspflicht, ass jo
genee dat, wat d’Initiative pour un devoir de vigilance –
mir kenne se all, se stoung och schonn e puermol virun
der Dier – zanter Mäerz 2018 freet. Dat ass och eng Demande, déi mir Piraten kloer ënnerstëtzen.
Mir si kloer fir e Liwwerkettegesetz. Och wann hei elo
eng Propos vun der EU virläit, esou weess keen, wéini
déi dann endlech ëmgesat ka ginn. An deem Sënn ass
dat hei en Dogmewiessel, dee mir Piraten elo emol op
den éischte Bléck matdroen. Natierlech mussen elo
d’Detailer an d’Aktiounen op dës Annonce nokommen.
An da musse mer kucken, wat déi Reaktioune sinn an
ob se eis wäit genuch ginn oder net. Dat wëll ech elo
mol nach an de Raum stellen, well ech erënneren nach
eng Kéier drun, datt Lëtzebuerg als eent vun deenen
eenzege westleche Länner e Staatsoberhaupt op
Peking reese gelooss huet. Dat hu mir Piraten kritiséiert an dat huet Lëtzebuerg op EU-Niveau och definitiv
keng Pluspunkte bei eise Partnerlänner abruecht.
Am Endeffekt war et eisen …
M. Fernand Kartheiser (ADR) | Who cares?
M. Sven Clement (Piraten) | „Who cares?“, freet den
Här Kartheiser mech! Ma ech mengen, datt et eng
Chamber muss ginn, déi sech mat esou Theeme muss
beschäftegen. An ech fannen et och ganz speziell, datt
sech d’„Partei vum klenge Mann“, wéi se sech gären
nennt, eng ultranationalistesch Partei, hei op eemol
fir eng onreglementéiert Globaliséierung asetzt. Also:

„Zwei Seelen wohnen, ach! in meiner Brust“, do freet
ee sech awer, ob dat net scho bal u Schizophrenie
grenzt! Mee bon, dat si mer jo aus deem Eck vum politesche Spektrum méi wéi gewinnt.
(Hilarité)
Am Endeffekt war eise Grand-Duc also mam Lëtzebuerger Fändel nieft dem Xi Jinping zu Peking an et
gouf e Pressecommuniqué vun der chineesescher Säit,
wou kee Wuert iwwer Mënscherechter drastoung!
Goufe se ugeschwat? Vläicht, vläicht net. Op alle Fall
hunn d’Chineese sech domadder gebretzt, datt de
lëtzebuergesche Grand-Duc si besiche komm ass.
An ech mengen, genee do ass de Problem. Mir mussen eis dëse Symbolmomenter méi bewosst ginn! Mir
dierfen net iwwer esou Weeër autoritär an totalitär
Staaten no bausse legitiméieren. Dat si Schrauwen,
un deenen een einfach a séier kann dréien! Mee déi
ginn natierlech bei Wäitem net duer.
Joerzéngte war Lëtzebuerg um russesche Marché extreem interesséiert. Mir hu riseg Wirtschaftsmissiounen op Moskau geschéckt. Mir hu Banken heihinner
gelackelt. An ech zitéieren elo d’Zuele vu „Paperjam“
net nach eng Kéier, wéi vill Milliarden duerch lëtzebuergesch Strukture gefloss si respektiv hei verwalt
ginn. Déi Zuele gi jo och op der Place publique méi
wéi kommentéiert.
Gläichzäiteg huet eise Pensiounsfong – an da kommen ech op „Renteklau“ ze schwätzen –: Majo, de
Pensiounsfong huet Renteklau gemaach, andeem e
Milliounen a Russland investéiert huet, déi elo duerch
d’Sanktiounen all Wäert verluer hunn. Hätte mer
déi net an engem autokratesche Regimm, dee Krich
féiert, investéiert, dann hätte mer déi net verluer. An
de Rendement wär méi assuréiert gewiescht, wa mer
eis géifen un eethesch Valeuren halen.
Dat sinn nämlech Suen, déi d’Leit an d’Pensiounskeess abezuelen, Suen, déi si dem Pensiounsfong
uvertrauen an déi grad dofir solle sécher a gutt investéiert ginn. An zu sécher a gutt gehéiert nun emol
hautdesdaags, dat och eethesch a moralesch korrekt
ze maachen.
(Interruption)
Mir Piraten hoffe wierklech, datt 2023 – an hoffentlech éischter – en neien nohaltegen Investitiounsplang fir den FDC kënnt, well esou kann et einfach net
weidergoen! Mir finanzéiere via Pensiounsfong Uelegfirmen, Firmen, déi modern Sklaverei a Länner wéi
Indonesie bedreiwen, a bis viru Kuerzem och nach
dem Putin säin enkste Krees. Et ass jo net eréischt säit
gëschter, datt de Putin respektiv säi Regimm op Sanktiounslëschten opgetaucht ass. Scho säit 2014, wéi
en d’Krim annexéiert huet, gouf et Sanktiounen. Wat
huet de Pensiounsfong gemaach? Weider monter a
Rubelen investéiert!
De Pensiounsfong ass also déi Plaz, wou mer wierklech
am séierste mussen usetzen, fir datt mer als Staat hei
och eng Virreiderroll iwwerhuelen. Well mat wat fir
enger Justifikatioun gi mir als Staat hin a soen de Betriber, si misste sech un e Liwwerkettegesetz halen,
si missten eethesch a moralesch korrekt agéieren,
wa mer et selwer net hikréien?! Och dat ass hypokritesch! A mir mussen eis un der eegener Nues huelen,
respektiv den Exekutiv muss sech un der eegener Nues
huelen. Well ech weess, datt zumindest hei an der
Chamber méi wéi eng Kéier drop higewise gouf, datt
den FDC méi nohalteg misst investéieren, an datt et vusäite vun der Majoritéit allkéiers geheescht huet: „Do
kann ee jo awer wierklech net drugoen.“ Do freet ee
sech scho bal, ob den Här Kartheiser et mëttlerweil an
d’Majoritéit gepackt huet.
(Interruption)
Mir kënnen als Staat also net verlaangen, datt anerer
eppes maachen, wa mir net deen éischte Schrëtt selwer maachen.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, datt mir
eis fir eng Reform vun der Investitiounspolitik vum
Pensiounsfong a politesch Boykotte vu Veranstaltunge
wéi d’Wanterspiller zu Peking asetzen, ass evident. Dat
gouf heibannen oft genuch thematiséiert.
Mir erwaarden eis dofir, datt dës Regierung elo séier
en éischte Plang virleet, wéi se eis Wirtschaft wëllt op
de Wee vum Respekt vun de Mënscherechter bréngen,
mee datt se och, wat d’Exekutiv selwer betrëfft, mam
gudde Beispill virgeet an esou diplomatesch Debakele wéi d’Visitt zu Peking a weider Investissementer a
Pëtrolsfirmen ab sofort si léisst!
Ech soen Iech Merci.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ganz gutt!

Zesummenhang posts

Den LCGB huet matgedeelt, datt d’Sécherheetsfirma Protection Unit hir Aktivitéiten astellt an ee Repreneur sicht. D’Firma schafft fir eng Villzuel u staatleche Verwaltungen, parastaatlechen
Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen