M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Mir hunn dës Aktualitéitsstonn ugefrot, well d’Mater- nité zu Ettelbréck zougemaach gi war. Dat war einfach e Moment, wou een huet misse reagéieren, och poli- tesch. Dass mir am Land e Problem hu mat Mangel u Pediateren, dierft Iech alleguerte scho bekannt sinn.
(Mme Djuna Bernard prend la présidence.)
Besonnesch akut a fir jidderee siichtbar ass dëse Pro- blem Ufank des Joers ginn, wéi eeben d’Maternité vun Ettelbréck huet missen hir Dieren zoumaachen. Dat huet vill Mammen a Koppele mat hire Kanner schwéier getraff.
Ech wëll awer viru mengen Explikatiounen och soen, dass ech bis elo perséinlech just positiv Erfarungen hat, sief et bei der Gebuert vu mengen zwee Kanner bis hin zu den Dokteren, bis hin zum Spidol an och bei de Kannerdokteren. Ech hat och d’Méiglechkeet oder, et kann ee scho soen, d’Chance, dass mir um Kierch- bierg am Spidol waren.
Zréck zum ländleche Raum. Mëttlerweil ass d’Mater- nité zu Ettelbréck zwar nees op, mee och wann déi erëm op ass, huet dat un der Basis vum Problem awer näischt geännert. D’Gesondheetsversuergung am ländleche Raum ass, wat d’Pediateren ugeet, ëmmer nach vill ze schlecht, an dat virun allem am Verglach mam Zentrum.
A vill Mammen, déi e Kand erwaarden an dann ee Gynekolog sichen, deen och Gebuerte betreit, musse laang sichen, bis se ee fannen, deen och nach nei Patienten unhëlt. Dat ass e Problem, deen d’Leit queesch iwwert d’Land verdeelt kennen. D’Theema vun engem Mangel u Gynekologen a Pediateren huet also och no der Reouverture vun der Maternité nach ëmmer eng grouss Bedeitung.
Wéi bei villen anere medezinnesche Spezialisatiou- nen och, sinn an de leschte Joren d’Zuelen u Patiente staark eropgaangen, wärend d’Unzuel un Dokteschen an Dokteren net nokënnt. Esou ginn d’Waardezäiten ëmmer méi laang, an et entsti quasi Konkurrenzsitua- tiounen tëschent eenzelne Regioune vum Land oder och tëschent de Spideeler.
Dass d’Ressourcë limitéiert sinn, mierkt een och op den Neonatologiesstatiounen, wou d’Unzuel un Intensiv- better, déi ganz kleng zu Lëtzebuerg ass, net mat dem Wuesstum vun der Bevëlkerung mathale kann. Aktuell hu mir knapp méi wéi 120 Pediateren hei am Land an dovu schaffen der 94 an de Spideeler, an dat virun allem an der Stad.
Hei an der Stad kann een dofir op eng exzellent Prise en charge vun der Maternité an der Pediatrie zréck- gräifen, an dat 24 Stonnen op 24. Jo, souguer zu Péiteng ass et anescht. Mir hunn zwar do och eng exzellent Koppel, déi d’Praxis vun dem wuelbekann- ten a geschätzten Dokter Conter iwwerholl huet, wou ech selwer als Kand och war.
Une voix | Där ginn et der nach e puer.
M. Marc Goergen (Piraten) | Et sinn der nach e puer heibannen. Mee och si sinn elo schonn iwwerlaf, an dat zu zwee an enger Praxis. Kee Wonner bei 20.000 Awunner an der Gemeng plus Regioun ronderëm, schnell 50.000 Awunner!
Am Norde vum Land ass et awer nach méi schlecht. Ettelbréck huet elo nees d’Maternité opgemaach, mee fir d’Pediatrie hu si awer just eng Structure de prise en charge ambulatoire. An déi ass weekends an och u Feierdeeg just zwou Stonnen op. Dat ass wäit ewech vun engem Urgenceservice, deen duerch- geeënd op ass.
An en plus ass Ettelbréck jo och net grad extreem nërdlech. Do komme jo och nach vill Stied an Dier- fer duerno, déi nach vill méi wäit vun der gudder Versuergung an der Stad ewech sinn a fir déi de Wee an engem Urgencefall, déi laang Fuerzäit, ka geféi- erlech ginn. Dat mécht ville Leit aus dem Norde vill Suergen, well schliisslech muss et bei enger Urgence jo séier goen. Mee den Trajet bis an d’Stad, jee no- deem, wou een hierkënnt, grad am Beruffsverkéier, ass e gesondheetleche Risiko fir d’Patienten.
Wéi wichteg et den Elteren aus dem Norden ass, dass d’pediatresch Versuergung verbessert gëtt, huet sech och rezent gewise mat der Petitioun 2301. Dës Petitioun huet a kuerzer Zäit de Seuil vun den néidege Stëmmen iwwerschratt an huet sech fir eng Maternité an eng Pédiatrie d’urgence am Norden ausgeschwat.
Mee net nëmmen den Norde brauch Pediateren, och de CHEM, zum Beispill, am Süden huet schonn uge- kënnegt, dass et iergendwa kéint enk ginn, och wann d’Servicer aktuell nach assuréiert kënne ginn.
Et war dofir wichteg, dass den nationalen Déngscht vum Gesondheetsminister ëm véier Posten opgestockt ginn ass. Mee doriwwer eraus mussen d’Aarbechtskon- ditioune vun den Dokteren a vum Gesondheetsperso- nal am Allgemengen dréngend iwwerschafft ginn. Eng kleng Plooschter geet hei net méi duer. Mir brauchen eng Gesondheetspolitik, déi d’Aarbecht an den Urgen- cen an um Land méi attraktiv mécht. Den aktuelle Sys- tem mécht dat net an e riskéiert an Zukunft nach méi schlecht ze ginn.
Bis viru Kuerzem konnt eng Doktesch oder en Dokter, dee fir e Spidol geschafft huet, hei nach dovu profi- téieren, op Apparater kënnen zréckzegräifen, déi een ausserhalb net huet dierfen hunn. Wéi mir all wëssen, ass dat elo awer net méi esou, a mir Piraten fannen dat och eigentlech gutt.
Mee mat dëser Verännerung mussen awer och all aner Verännerungen anhiergoen, soss stellt sech nämlech d’Fro, firwat en Dokter, dee mat sengem eegene Cabinet daagsiwwer gutt ausgebucht ass an all d’Apparater huet, déi e brauch, sech de Stress nach soll undoen, Permanencë fir d’Urgencen ze maachen, wou e manner pro Stonn verdéngt wéi a sengem Cabinet an och nach méi desagreabel Aarbechts- zäiten huet. Do feelt dann einfach den Ureiz, genee- sou wéi et aktuell nach net genuch Ureizer gëtt, sech als Medezinner mat Spezialisatiounen am ländleche Raum nidderzeloossen. Hei muss och géigegesteiert ginn, an dat mat enger eenheetlecher a fairer Ent- lounung vun der Ruffbereetschaft, an dat duerch méi attraktiv finanziell Ënnerstëtzung fir Persounen, déi sech trauen, sech ausserhalb vum Zentrum mat hirer Praxis nidderzeloossen.
Elteren ze ginn ass, zumindest bei dësem Theema, mat ville Froen an Onsécherheete verbonnen. Mee d’Fro, ob am Noutfall en Dokter wäert no genuch sinn, fir der Mamm oder dem Kand kënnen ze hëlle- fen, sollt ee sech hei am Land net stelle mussen!
D’Vertrauen an eise Gesondheetssystem sollt Eltere Sécherheet vermëttele wärend der besonnescher Zäit vun enger Schwangerschaft. Mee esou e Vertraue kann net entstoen, wa sech d’Prise en charge duerch Personalmängel verschlechtert, a mir eist verbleiwend Gesondheetspersonal ausbrenne loossen.
Si ginn um Terrain all hiert Bescht fir d’Patientinnen an d’Patienten, mee hiert Bescht geet do leider net duer, wann d’Politik net nach hiert Bescht derbäigëtt. An dat Bescht ass sécher net, ëmmer just ofzewaar- den, bis eng Kris do ass, an dann eréischt ze reagéie- ren.
Mir wëssen, wou d’Baustellen am Gesondheetssecteur sinn, an déi musse mir elo esou séier wéi méiglech ugoen, sief et um Niveau vun de Formatiounen, um Niveau vun de Gehälter oder vun den Aarbechtskondi- tiounen oder vum Waarden op dee säit Laangem ugekënnegte Virage ambulatoire. Just vun engem Kri- semodus an deen nächsten ze wiesselen, dierf hei net d’Zukunft sinn!
Merci.