Sven Clement:
Här President,
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, wéi mer virun e puer Woche fir d’éischte Kéier iwwert de Sujet vun enger Covidimpfung geschwat hunn, do wousste mer nach net mat Sécherheet, wéini mer déi éischt Dosisse géife kréien a wéi eng Persoune bei der Verdeelung vum Impfstoff géife prioriséiert ginn.
D’Impfstrategie vun der Regierung war deemno nëmmen en éischten Entworf, vun deem gewosst war, datt en an de kommende Wochen a Méint nach misst un d’Realitéit ugepasst ginn.
Haut, also emol net ee Mount méi spéit, si mer elo schonn esou wäit, datt déi éischt Persoune geimpft goufen. A mir wëssen, mat wéi enge Precautiounen deen een Impfstoff, dee mer am Moment hunn, verbonnen ass. Haut sinn et der dann elo zwee, déi zougelooss sinn. Hoffe mer, datt nach deen een oder aneren dobäikënnt, mee gesprëtzt gëtt bis elo een.
Mir begréissen et duerfir, datt mer dëse wichtege Sujet, dee bei ville Leit mat grousser Hoffnung, mee awer och deelweis mat grousse Suergen an Ängschte verbonnen ass, haut eng weider Kéier kënnen heibannen diskutéieren. Vill Froen, déi am Dezember opgeworf goufen, konnten zu deem Zäitpunkt nach net beäntwert ginn, einfach well mer et nach net woussten, well verschidde Saachen nach onkloer waren, ënner anerem och bei der Prioriséierung, well mer net woussten: Wéini ginn déi eenzel Impfstoffer iwwerhaapt zougelooss?
Mir wëssen, datt et net méiglech ass, jidderengem zum selwechte Moment Zougang zum Impfstoff ze ginn. Verschidde Persoune wäerte vis-à-vis vun anere Persoune Virrang kréien. Mee an enger Situatioun, an där eng Impfung iwwer Liewen an Doud entscheede kann, ass d’Entscheedung fir eng Prioriséierung vu verschiddene Persounegruppen iwwert déi aner mat bedeitenden eethesche Froe verbonnen.
Bis ewell war just kloer, datt d’Personal aus dem Gesondheetsberäich an d’Bewunner an den Altersheemer als Éischt solle geimpft ginn an duerno héchstwarscheinlech déi Vulnerabelst Prioritéit solle kréien. Wéi innerhalb vun de Persounegruppen entscheet gëtt, wien als Éischt geimpft gëtt, ass awer nach net kloer. Am Kontext vun den Impfungen an den Altersheemer stoung zum Beispill net fest, wéi entscheet gëtt, wien als Éischt a wie méi spéit geimpft gëtt.
Elo gouf e Mëttwoch an eelef Haiser mam Impfen ugefaangen. Dës Haiser goufen anscheinend no der Vulnerabilitéit vun hire Bewunner an hirer Fäegkeet, d’Geste-barrièren anzehalen, ausgewielt. Wann d’Regierung hei déi Krittäre vun der Vulnerabilitéit applizéiert huet, heescht dat jo och, datt se hu missen definéieren, wien eng vulnerabel Persoun ass a wien net.
D’Fro vun de Krittäre vun der Vulnerabilitéit steet esoumat am Raum an ech hoffen, datt d’Regierung eis haut nach e wéineg méi am Detail erkläre kann, wéi se hei virgaangen ass. Ech erënneren drun, d’Chamber hat deen éischte Jet vun der Impfstrategie kritt, och mat de Prioriséierungen, deelweis mat ganz detailléierte Lëschten, wien do schonn eligibel wär oder virgesi wär. Ech géif hoffen, datt mer déi
an Zukunft reegelméisseg kréien, nämlech dann allkéiers, wa se à jour gesat gëtt. Well nëmmen esou verhënnere mer, datt d’Chamber obligéiert ass, all Mount eng Kéier eng Heure d’actualité zum nämmlechte Sujet ze maachen, fir u sech dat ze froen, wat d’Regierung souwisou schonn op Pabeier bruecht huet.
Genee ze wëssen, no wéi enge Krittären entscheet gëtt, ass essenziel fir den transparente Prozess, an dat ëmsou méi, well sech lues a lues erauszekristalliséiere schéngt, datt eng Rei Fournisseuren hiren Impfstoff eréischt an e puer Méint op de Maart wäerte brénge kënnen, a mer net genuch Dosisse vu BioNTech/Pfizer respektiv vu Moderna hunn, fir am grousse Stil impfen ze kënnen. Et wäert een also net laanscht eng Selektioun kommen. Nieft der wichteger Fro vun der eethescher Rechtfertegung vun der Selektioun hate mer awer och eng Rei méi praktesch Froen opgeworf, op déi et nach keng Äntwert gouf. Do war d’Fro zum Beispill: Wat geschitt, wann eng Persoun eng Invitatioun fir eng Impfung kritt an net geet? Géif dës Persoun dann eréischt eng nei Invitatioun kréien, wann alleguerten déi aner Leit aus dem Land hir kruten? Oder kéint se sech nach emol aschreiwen? Wäert d’Iddi vun der Invitatioun iwwerhaapt bäibehale ginn oder wäert de System vun den Aschreiwungen op eegen Initiativ, deen elo am Gesondheetswiesen zum Asaz koum, bleiwen?
Eng weider wichteg Fro, déi och e groussen Afloss op d’Impfbereetschaft kann hunn, ass déi: Wat geschitt, wann eng Persoun sech just mat enger bestëmmter Aart vun Impfstoff wëllt impfe loossen? Bei dräi verschiddenen Typpe vun Impfstoffer a verschiddenste Produzenten ass et warscheinlech, datt d’Leit engem Produit méi traue wéi engem aneren. Wäert ee sech den Impfstoff aussiche kënnen, wa bis méi Produiten um Maart sinn? Oder wäerten d’Kafverträg mat de verschiddene Fournisseuren, déi vun der EU gemaach goufen, an d’Verdeelungsstrategie vun der Regierung de Choix agrenzen?
Et ass méi wéi verständlech, datt een an enger Situatioun wéi där aktueller net op d’Wënsch vun all Eenzelne kann agoen. Mee grad well de Sujet vun der Impfung mat esou vill Falschmeldungen an Ängschte verbonnen ass, ass et wichteg, hei vu vireran oppen ze kommunizéieren, wat wäert méiglech sinn a wat net.
Insgesamt ass d’Transparenz an dësem Dossier vun zentraler Wichtegkeet. Vill Leit maache sech Suergen, datt déi nei Impfstoffer ze séier op de Maart kommen a finanziell Aspekter gesondheetlecher iwwerweie géifen.
Bon, ech kann do nach eng Kéier dat soen, wat ech schonn eng Kéier gesot hunn op dëser Tribün: Den Impfstoff, deen elo vu BioNTech/Pfizer zougelooss gouf, dee gouf et schonn am Januar. Deen ass elo ee Joer laang getest ginn. Et soll kee mengen, dee wär eréischt virgëschter erfonnt ginn a wär da ganz, ganz séier innerhalb vun zwee Deeg op de Marché komm.
Am Januar d’lescht Joer. Also wuel gemierkt, net dëse Januar, mee virun iwwer zwielef Méint.
Headlines wéi déi, datt net méi Impfstoffer bei BioNTech/Pfizer bestallt goufen, fir d’finanziell Interesse vun anere Firmen ze schützen, verbesseren awer d’Situatioun och net. An och de Fait, datt eis Regierung einfach seet, näischt dovun ze wëssen, steigert d’Vertrauen an d’Kompetenz vun der Regierung leider net.
Nëmme wann transparent oppegeluecht gëtt, wien u wat wéi vill verdéngt oder eeben och grad net verdéngt, an oppen iwwert d’Impfstrategie an de Räsonement hannendru geschwat gëtt, kënne mer de Leit onbegrënnten Ängschten huelen a falsch Informatioune konteren.
Duerfir hunn d’Piraten och d’Demarche hei an der Chamber ënnerholl, datt d’Chamber all déi Kontrakter vun der EU mat deene Pharmakonzerner ze gesi kritt, fir datt mer eis selwer als Vertrieder vun de Biergerinnen a Bierger e Bild kënne maachen, wien hei wéini wéi e Kontrakt ausgehandelt huet, fir erauszefannen: Gouf profitéiert oder gouf tatsächlech hei gutt verhandelt? Dat si Froen, déi mir als Kontrollorgan vun der Exekutiv musse beäntweren. Dës Heure d’actualité kann nëmmen e klenge Schrëtt sinn, fir dem Theema e Raum ze ginn, mee geet selbstverständlech nach laang net duer. Ech hoffen duerfir, datt de Sujet och weiderhi breet, awer virun allem transparent diskutéiert gëtt. Well nëmmen duerch Transparenz kënne mer Vertrauen an d’Impfstrategie vun der Regierung schafen.
Ech soen Iech Merci.
- September 21, 2023
- 5:26 pm
- Programm 2023, Uncategorized @lb-lu
Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.