Marc Georgen:
Här President,
merci der honorabeler Martine Hansen fir déi Ufro vun dëser Aktualitéitsstonn, déi wierklech wichteg ass an eiser Klimakris, fir eeben CO2 anzespueren an och klimaneutral ze ginn.
D’Madamm Hansen huet an hirer Demande zwou Froen opgeworf: iwwert d’Landwirtschaft an och d’Aviatioun. Fir d’éischt d’Landwirtschaft, duerno kommen ech op d’Loftfaart.
Mir als Piraten sinn der Meenung, dass ee kann a soll d’CO2-Emissiounen an der Landwirtschaft reduzéieren. Eigentlech souguer ganz einfach, andeem een op vill méi Déiereschutz setzt. Si mer dach éierlech: Do ass am Moment nach ganz vill nozehuelen. Vun der Massenhaltung hi bis zur Verschwendung vun déieresche Produkter, déi einfach esou am Supermarché herno an der Poubelle landen. Als Piraten soe mir kloer: Et musse méi kleng Bauerebetriber ginn. Et dierfe keng Massenhaltunge ginn. Déi Déieren, déi reng liewe fir eis Ernärung, sollen och hir Plaz am Stall kréien, dee grouss genuch ass. Mir froen och, dass déi onnëtz Transporter mat liewegen Déieren, déi och hir Klimaauswierkung hunn, direkt gestoppt ginn. Lieweg Déieren iwwer Distanzen ze féieren, ass reng Déierequälerei.
Allgemeng, soe mer emol: iwwer 50 km, sou soe mer ëmmer. Et ass dann herno eng Saach vun der Interpretatioun: kleng oder grouss Distanz.
Allgemeng sollt een driwwer diskutéieren, ob iwwerhaapt nach Discounterfleesch soll erlaabt bleiwen. Präisdumping an der Landwirtschaft ass de komplett falsche Wee. Den Discounterpräis ass an der Qualitéit schlecht fir de Konsument, schlecht fir de Bauer, schlecht fir d’Ëmwelt, schlecht fir den Déiereschutz.
Mir soen als Piraten kloer: Et kann een an der Landwirtschaft zesumme mat de Baueren nach genuch Hiewelen a Beweegung setzen, fir d’Ëmwelt ze schützen a soumat och de Bauer ze schützen.
Zum zweete Punkt an der Ufro: d’Loftfaart. Do hu mir als Staat eng besonnesch Verantwortung hei am Land, well mir an deem spezielle Fall sinn, Haaptaktionär an der Lëtzebuerger nationaler Fluchgesellschaft ze sinn. De Minister, allgemeng d’Politik kënnen eis Cargolux a Luxair zum Virreider maachen an enger nohalteger Aviatioun op dëser Welt. Leider ass dat awer bis elo net de Fall, wärend an Éisträich d’Regierung higaangen ass – an de Sebastian Kurz ass jo awer elo e konservative Politiker, och mat e puer grénge Ministeren an der Koalitioun -, fir ze soen, dass si an Éisträich hir national
Airline reforméieren, andeems si soen: „Et gëtt keng Flich méi, wou et och gutt Zuchubannunge gëtt“, fir eeben den Ëmweltaspekt ze berücksichtegen. Déi Iddi ass super!
Eis Piraten feelt hei am Land, trotz de Gréngen an der Regierung, kloer den Ëmweltusaz an der Politik bei der nationaler Fluchgesellschaft. Den Här Back hat d’Theema „Zuch anstatt Fluch“ zwar och virun e puer Méint opgeworf, wéi och ech deemools, dat an der Ried ronderëm d’Luxair an hir Situatioun wärend Corona, mee bis elo koum keng konkreet Moossnam fir méi Ëmweltschutz. An et ass och scho vill Zäit vergaangen.
Dofir maache mir haut eis konkreet Proposen, fir dass endlech eppes geschitt. Hei eis Motioun, fir d’Flich op Paräis anzestellen an déi komplett duerch d’TGV-Verbindung ze ersetzen. Laut SNCF ass een an zwou Stonne fofzeg vun eiser Gare um Flughafe Charles de Gaulle mam TGV.
Zousätzlech kéint d’SNCF och nach hire Service, dee se schonn am Inland ubitt, dann a Kooperatioun mat der CFL ubidde fir en direkten Checkin op der Gare hei an der Stad. Zoufälleg huet och gëschter déi gréisst däitsch Airline ugekënnegt, fir méi op den Zuch ze setzen, fir d’Passagéier op Frankfurt ze kréien; soumat manner Flich op kuerze Strecken.
Wa mir an der Loftfaart wëllen direkt méi Ëmweltschutz ëmsetzen – a mir hoffen och, dass déi gréng dat wëllen, dat mat hirem Minister zesummen -, da musse mer elo déi Strecken, déi grad mam Zuch gutt verbonne sinn, astellen an och net méi fléien. Mir hunn als gréissten Aktionär bei Luxair d’Méiglechkeet, fir en aktiivt Virbild ze sinn.
Kee Virbild si mer awer mat den neie Fligere fir eis Arméi. Et kann een als gréng Partei net vun Ëmweltschutz schwätzen, dann awer ëmmer erëm nei Fligere kafen! Fligeren, déi dann och alt agesat gi fir sënnlos Showflich bei Presentatiounen. Dat ass, wéi wann ee géif den Autosmotor einfach emol esou aus Spaass lafe loossen.
Fir dëser Problematik op de Grond ze goen, sollt eis Arméi och all Joer e Bilan verëffentlechen, wat hiren Impakt op d’Ëmwelt ass. Hei eis zweet Motioun, wou mir genau dat froen. Elo, wou d’Fligeren derbäikomm sinn, wär déi Transparenz an der Ëmwelt wichteg.
Allgemeng hu mir Piraten e sëllege Froen un de Minister Bausch gestallt, fir d’Loftfaart hei am Land méi gréng ze gestalten. Well ier een den CO2 bënnt, muss een emol kucken, dass e verhënnert gëtt. Oft awer kréie mir ze onkonkreet Äntwerten, ouni de Courage, wierklech eppes ze änneren.
Eng rezent parlamentaresch Fro vun eis war, fir dem Konsument méi Transparenz ze ginn, soudass Airlines, déi ab eisem nationale Flughafe fléien, bei der Buchung souwéi um Ticket mussen uginn, wat den CO2-Footprint op deem Fluch ass. Dat ass och eis drëtt Motioun, déi mer virbereet hunn, fir eeben anzeféieren, dass de Client dann transparent gesäit, wéi een Ëmweltimpakt seng Rees huet. Duerno ass et dann nach ëmmer de Choix vum Client, wat e mat deenen Informatioune mécht, ob e kompenséiert oder net. Well et kann net sinn, dass op all Auto eng Transparenz gefrot ass, awer bei engem Fligerticket net. Wie mam Auto fiert an do seng Wäerter weess, huet och d’Recht drop, dat fir seng Fluchrees ze wëssen.
Et gëtt also Punkten, wou een an der Loftfaart usetze ka fir d’CO2-Reduktioun, och am relativ klenge Lëtzebuerg, ouni mussen ze waarden, bis et syntheetesch Kerosinne gëtt.
Mir Piraten hu jo ewell a parlamentaresche Froen drop higewisen, fir d’Luxair-Flott ze moderniséiere mat méi spuersame Maschinnen. Et ass awer net d’Luxair, déi mat deene spuersame Maschinnen hei um Findel aktuell lant, mee et ass elo schonn e Low-Cost-Carrier oder déi national portugisesch Fluchgesellschaft. Wa mir eis Klimaziler wëllen erreechen a manner CO2 ausstoussen, musse mer och onbequeem Entscheedungen huelen, soss ass alles nëmmen e bëllege Greenwashing.
Mir Piraten gi kloer de Wee vun enger mofer Ëmweltpolitik, konkreetem Schutz, an hoffen, dass och aner Parteien dee Wee wäerte matgoen.
Merci.
- October 3, 2023
- 4:09 pm
- Parlamentaresch Froen, Police & Arméi, Questions parlementaires
Däitsch Medie mellen, dass Däitschland een Accord mat Israel fonnt huet, fir Rackéitenofwiersystemer vum Typ “Arrow 3” ze kafen. Laut Berichter sollen dës Ofwiersystemer