Aktualitéitsstonn iwwert d’Organisatioun vun der ëffentlecher Sécherheet

Marc Georgen:
Merci, Här President.
Als Piraten hu mir dës Aktualitéitsstonn ugefrot ronderëm Sécherheetsfirmen am ëffentleche Raum. Dat, well eis de Rechtsstaat immens wichteg ass. Dat, well mir eis fir d’Wäerter, fir d’Fräiheet vun eise Matbierger asetzen an net dulde kënnen, wann hir Rechter am ëffentleche Raum verletzt ginn.
Dofir hu mir Piraten och schonn eng Villzuel u parlamentaresche Froe gestallt, fir op de Problem, deen hei entstanen ass, opmierksam ze maachen. Jiddwereen hei am Parlament ass hoffentlech och der Meenung, dass de Rechtsstaat net dierf verletzt ginn, a wäert dofir och genausou kritesch wéi mir do, wou e verletzt ginn ass, reagéieren.
Op där anerer Säit hu mir awer och Verständnis fir d’Problematik vun der Kriminalitéit, als Beispill hei op der Gare an der Stad. An de Virbereedungen op d’Theema hunn ech mir och déi Stater Gemengeréit ugelauschtert, fir d’Situatioun besser ze analyséieren. Et ass awer net, well mir d’Aschätzung vun der problematescher Situatioun deelen, dass ee sech dierf egal wéi eng Mëttel, déi esou am Gesetz net virgesi sinn, eraushuelen, fir dës Situatioun unzegoen.
Wou komme mir am Rechtsstaat hi mat der Opfaassung „All Mëttel ass gutt, wann et den Zweck rechtfertegt, och wann et géint d’aktuellt Gesetz ass“? Wéi eng Botschaft geet mat esou enger Opfaassung un d’Leit eraus? Grad wann et d’Gemenge sinn, déi
géint Gesetzer verstoussen, hu mir als Parlament eng besonnesch Roll, fir de Bierger ze schützen.
Vu wéi engem Gesetz schwätzen ech?
Ma vum Gesetz, wat reegelt, wat iwwerhaapt d’Sécherheetsfirmen dierfen. Dat ass souguer nach vun der CSV, aus dem Joer 2002, vum 12. November. Do steet dran a limitéiert, am Artikel 2 ganz kloer, wat eng Sécherheetsfirma dierf. An eeben deen Artikel seet néierens, dass et erlaabt wär, am ëffentleche Raum eng Privatfirma ze beoptragen, fir do ze patrulléieren! Artikel 14 reegelt dann och nach den Objektschutz, mee begrenzt sech op een Objet. Mir sinn also, menger Opfaassung no, hei enger Firma op der Spuer, déi enger Gemeng illegal Servicer ugebueden huet.
Liest een elo den zweete Kontrakt mat der Firma, huet dat och de Schäfferot gemierkt an nogebessert. Mee dat mécht awer net vergiess, dass illegal Aktivitéite bezuelt goufen! An dann och am neie Kontrakt ass et schwiereg ze gesinn, wou deen dann elo legal wär. Et ass net, wann een e puer Sätz ëmdréit, ee mécht wéi wann een am Objektschutz wär, dass en da legal ass!
Et si Servicer am ëffentleche Raum, déi eiser Meenung no just eis Police soll iwwerhuelen. Wou komme mir dann an engem Land hin, wann elo Firmen einfach de Clienten ubidden, fir si an de Stroossen ze patrulléieren? Dat kënnen dann och Privatleit op eemol buchen. Jo, souguer Stalker, Rietsradikaler, Bürgerwehre kéinten esou Servicer buchen. Dofir ass ganz bewosst den ëffentleche Raum am Gesetz geschützt.
E weidere kritesche Punkt, deen eiser Meenung no géint de Rechtsstaat a Fräiheete verstéisst, ass, laut Rapport, Leit festzehalen, jo, wann ee liest, souguer ze intervenéieren; wat eis an enger parlamentarescher Fro och bestätegt ginn ass. Mir
Piraten soe kloer: Dat ass e bedenkleche Wee, en ze bedenkleche Wee, fir dass een dat einfach stillschweigend hinhuele kann! Mir sinn hei am Fall, wou eng Gemeng via Optrag higeet an d’Autoritéit vun der Police ënnergruewe wëllt oder souguer ënnergruewen huet. Dofir froe mir och de Support an eiser Resolutioun, fir d’Justizministesch ze ënnerstëtzen, fir all déi Firme genau ze iwwerpréiwen, déi géint d’Gesetz verstouss hunn an esou Servicer ugebueden hunn, a géint déi dann, sollt sech e Feeler erausstellen, d’Ministesch sollt weider Schrëtt ergräifen. Hei dierf just null Toleranz herrschen, wa mir eise Rechtsstaat schütze wëllen.
A menger parlamentarescher Fro un d’Ministesch Tanson an de Minister Kox deele béid Ministeren och eis Aschätzungen. Äntweren: „D’Gesetz vum 12. November 2002 stellt keng legal Basis duer fir e generaliséierten Asaz vu private Sécherheetsfirmen
am ëffentleche Raum“. Weider: „Si hunn […] opgrond vun dësem Gesetz keng Befugnisser, fir generell oder ofschreckend Patrullen uechtert e Quartier […] ze maachen“. Weider: „Et gëtt aktuell keng legal Basis, déi dëst erlaabt.“
Komme mir zu de schrëftleche Rapporten, déi een dann och nach ugebuede kritt, wann een esou eng Sécherheetsfirma gutt bezilt. Krass, oder? Et kann een eng Firma bezuele fir Rapporten am ëffentleche Raum! Dat kann ee sech emol net ausdenken, esou schlëmm ass dat! An ech hu mir déi gutt Rieden an Dokumenter duerchgelies vun de Kolleege vun déi gréng, déi Lénk an och der LSAP am Stater Gemengerot. Hinnen e grousse Merci, dass si sech net ënnerdrécke loossen, si sech, trotz Pressematdeelunge vum Schäfferot géint si, net aschüchtere loossen a fir d’Fräiheet an de Rechtsstaat astinn!
Den dräi Parteien am Gemengerot eise ganze Respekt! Ech ka just hoffen, dass hir Vertrieder hei am Parlament genausou fir d’Grondrechter antrieden.
Eng Ausso ass mir besonnesch batter eropgestouss. Am Dokument vum 25. Januar schreiwen déi dräi Parteien, dass an den Dokumenter, déi si kruten, beluecht ass – an elo haalt Iech un! -, dass, no all de schéinen Antirassismusriede vun der DP an der CSV, an de beschriwwene Rapporten eng Aart „racial profiling“ dokumentéiert ass! Also, do
fält ee vum Stull, sorry! Dass hei zu Lëtzebuerg esou eppes méiglech ass, an dat mat Steiergelder bezuelt! Also no der Hautfaarf an Hierkonft am ëffentleche Raum, nee sorry, dat geet dach guer net!
Mir schwätzen hei an der Chamber vu Police- a Justizfichieren, déi, zu Recht, elo reforméiert wäerte ginn, fir am Aklang mam Dateschutz ze sinn, an da fänke Gemengen un, iwwer Privatfirmen nei Rapporten erhiewen ze loossen! Jo, wou komme mer dann do hin?! Esou Parteie brauchen näischt méi géint e Policefichier ze soen, dee kloer Reegelen huet, wou gepréifte Beamten drop schaffen. Wann een als Partei selwer Firme beoptraagt, ouni gepréifte Beamten am ëffentleche Raum Rapporten
ze erstellen, brauch ee sech net iwwer e Policefichier oder soss en Dateschutz opzereegen!
Déi Rapporten dokumentéieren – elo haalt Iech fest! – och Policeaarbecht! Esou déi dräi Parteien. E weidere Skandal an deem ganzen Dossier. Dofir hei eis Motioun, déi d’Inneministesch opfuerdert, fir ze iwwerpréiwen, wéi eng Gemengen esou Rapporte mat Racial Profiling erstelle gelooss hunn, an déi passend Schrëtt anzeleeden.
Nieft dem Racial Profiling gouf am ëffentleche Raum och en Hond als Waff agesat, wéi aus den Dokumenter ervirgeet. Dofir eis weider Kritik fir méi Déiereschutz. Et misst ee verbidden, dass Déieren als Produkt ugebuede gi vu Sécherheetsfirmen. Keen Hond ass vu sech aus aggressiv. Et gëtt just dubiéis Trainingsmethoden, déi net am Aklang
mam Déiereschutz sinn.
No all dëse Punkte misst awer och jiddwerengem, deen e Gefill fir de Rechtsstaat huet, haut an hei kloer sinn, dass een als Parlament net einfach esou eng Verletzung am ëffentleche Raum dierf akzeptéieren a wierklech handele muss.
Lëtzebuerg ass net de Wild West mat bezuelte Cowboyen! Kee Schäfferot huet d’Recht op eng privat Police. Dat ass illegal.
Fir eis Piraten ass kloer: Mir stellen zu kengem Moment eis Police a Fro. Mir hu Vertrauen an eis Police. A mir droe keng Moossname mat, déi géint d’Autoritéit ginn oder hir Aarbecht méi schwéier maachen. Eis Positioun ass kloer. Ech hoffen, déi
vun den anere Parteien och!
Fir op den Ufanksproblem zréckzekommen, deen op der Gare an och an anere Quartiere besteet, hu mir och direkt e puer Léisungsusätz matbruecht:
Mir mussen all de Gemengen am Land méi Streetworker ubidden, eis Gemenge finanziell ënnerstëtzen, fir eeben déi Moossnamen ze huelen, ier eenzel Leit kriminell ginn. Mir orientéieren eis do un engem erfollegräiche Projet vun Outreach Youth Work. Huele mir do meng Gemeng Péiteng als Beispill: Mir hunn ee Streetworker zegutt op 20.000 Awunner. Dat geet einfach net duer! An dee muss och nach d’Gemeng zur Hallschent bezuelen.
Dofir hu mir hei eng Motioun, fir déi finanziell Ënnerstëtzung un d’Gemengen ze erhéije fir esou Streetworker.
An als weider Propos, fir am Theema Sécherheet weiderzekommen, froe mir Piraten an enger Resolutioun, dass d’Gesetz zu den Agents municipaux als eng Pist vun de méigleche Léisungen hei an der Chamber eng Ënnerkommissioun kritt, esou wéi et
och beim Faillittëgesetz de Fall ass. Zousätzlech deposéieren mir eng Resolutioun zur Ënnerstëtzung vun der Analyse vun de Sécherheets-Kontakter vum Justizministère.
An nach eng weider Propos ass e Bréif un d’Justizkommissioun, fir dem Léon Gloden säi Gesetzesvirschlag fir de Plazverweis op den Ordre du jour ze huelen, fir eeben dat Gesetz, wat fir eis Piraten eng Léisung ass, als Prioritéit ze behandelen a schnell virunzekommen.
Als weidere Léisungsusaz froe mir an eiser Motioun, fir eeben net alles zentral an der Stad ze maachen, well mir eis dem Problem bewosst sinn, dass ee méi dezentral Strukture fir drogenofhängeg Persoune brauch an hinnen Hëllefstellung ubitt.
Mir verzichte bewosst op eng Motioun zur Police, well déi eist vollst Vertrauen huet, dass si déi richteg Moossnamen a Projete geholl huet an och weider huele wäert fir d’Sécherheet vum Bierger. Dir gesitt also: eng Rei vu konstruktive Propose fir weiderzekommen, ouni awer mussen op illegal Moossnamen, wéi Sécherheetsfirmen am ëffentleche Raum, zréckzegräifen.
Merci.

Zesummenhang posts

Präsent vum Präsidium waren : Gilles, Marc, Sven, Mandy, Camille, Starsky, Raymond.  Debut 9h00, Schluss 15h00 Walanalyse 2023 (Huis Clos)  D’Parteileedung huet aus strategesche Grënn
De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter