Aktualitéitsstonn iwwert d’Verwaltung vun de Spideeler

Sven Clement:
Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Alleréischt och vu menger Säit e ganz grousse Merci un d’Kolleege vun déi Lénk a ganz speziell dem Marc Baum, fir dëse wichtege Punkt op den Ordre du jour gesat ze hunn. Ech mengen, et ass net nëmme wéinst der Covid-19 Pandemie, wou ee sech d’Spideeler eng Kéier méi genau muss ukucken, mee et ass generell eppes, wat déi lescht Joren e bëssen ze kuerz koum.
Zweetens wollt ech awer och e ganz, ganz grousse Merci un dat ganzt Personal am Spidolswiese riichten, well bei all Visitt – an trotz alle Mëssstänn, iwwert déi een eventuell schwätze kann, et ass ganz seelen d’Personal um Terrain -, well bei all Visitt, déi ech zumindest erlieft hunn, huet dat sech wierklech duerch Professionalitéit a Frëndlechkeet, trotz Stress, ausgezeechent!
Dat heescht, wa mer iwwer Mëssstänn schwätzen, muss een hei leider dat Spréchwuert beméien: „De Fësch sténkt vum Kapp.“ An ech mengen, wéi mer all wëssen, sinn an deene leschte Wochen a Méint leider eng ganz Rei Mëssstänn um Kapp vun de Spideeler oder vun enger Rëtsch vu Strukturen opgedeckt ginn, déi mat der Gestioun vun de Covidimpfungen, mee och mat dem alldeegleche Geschäft vun ënner anerem den Hôpitaux Robert Schuman ze dinn haten.
D’Virwërf vun Impfdrängelen, Interessekonflikter, Favoritismus an Harcèlementer vun Employéë respektiv Independanten hu kee gutt Liicht op d’Verwaltungsstrukture geworf an och d’Fro vun der politescher Responsabilitéit huet sech gestallt.
Misst de Staat net méi genee kontrolléieren, wéi mat den ëffentleche Gelder, déi jo am Spidolssecteur stiechen, ëmgaange gëtt? Misst d’Politik net vill méi kloer Reegele formuléieren, fir Interessekonflikter auszeschléissen an d’Personal an d’Patienten aus de Spideeler ze schützen?
Eise Spidolssecteur ass par rapport zu der Gréisst vun eisem Land immens fraktionéiert. Firwat? Firwat ginn et esou vill verschidden Entitéiten, déi onofhängeg vunenee sinn a wou de Staat kee richtegen Duerchbléck a virun allem kee richtegen Duerchgrëff huet, wat an deenen eenzele Verwaltungsréit geschitt? Am Contraire schaffe verschidde Strukturen – an do muss ech dann d’HRS erëm nennen – dach
nach aktiv drun, fir dee bësse Contrôle, de mer mam Commissaire aux hôpitaux hunn, nach ze court-circuitéieren, andeem se nach Ënnerstrukture grënnen, déi dann erëm aner Rechtsstänn hunn an domadder en effikasse Contrôle vum Staat vun ëffentleche Gelder quasi onméiglech maachen.
Firwat ass et méiglech, als Member vun engem Verwaltungsrot vun engem Spidol nach esou vill Mandater ze cumuléieren, datt ee sech froe muss, ob all d’Tâchen, déi mat de Mandater verbonne sinn, iwwerhaapt nach assuréiert kënne ginn, oder ob et just nach ëm de perséinleche Prestige oder d’Beräicherung geet?
Ech denken, mir sinn eis all eens, datt mer aus der Covidkris mussen eis Léieren zéien an net einfach esou weidermaache kënne wéi bis elo. De Staat finanzéiert d’Infrastrukture vun de Spideeler an d’CNS bezilt d’Prestatiounen. Firwat soll de Staat
dann net och méi Kontroll hunn? Wär et net besser, den aktuellen a fraktionéierte System opzeginn zugonschte vun engem System mat engem Établissement public mat verschiddene Sitten a lokalen Direkteren?
Et ass wichteg, e Gesondheetssystem ze hunn, deen no un de Leit ass, e System, deen aus Spideeler a Praxisse besteet, déi dezentral iwwert d’Land verdeelt sinn, awer net mam éischten Zil, fir Profitt aus de kranke Leit ze maachen. Dat heescht nämlech och net, datt een aus enger Struktur net eng dezentral Gouvernance kéint schafen, awer eng, woude Staat d’Kontroll hält, eng, wou de Staat den Iwwerbléck iwwer e Secteur, an dee ganz héich Zommen u Steiergelder fléissen, iergendwou awer nach hält.
Dat, wat mer haut hunn, ass eng Situatioun, wou de Staat vill gëtt, wou mir alleguerten, all d’Biergerinnen a Bierger indirekt Aktionär sinn, well mer u sech d’Suen op den Dësch duerfir leeën, mee wou mir alleguerten um Enn vum Dag ganz wéineg Contrôle hunn. An dat ass, mengen ech, de gréisste Mëssstand, wa mer iwwert d’Gouvernance vum Spidolswiese schwätzen.
D’Covidkris huet eis awer och gewisen, wou am Spidolswiesen de Schong dréckt, an dat net nëmmen, wann et ëm d’Gouvernance geet, iwwert déi mer haut haaptsächlech schwätzen, mee natierlech och, wann et ëm d’Aarbechtskonditioune vum Gesondheets- a Fleegepersonal geet. A mir war virdrun e bëssen de Mond opstoe bliwwen, wéi ech hei vun nationalisteschen „tropes“ héieren hunn, datt et Haifësch op där anerer Säit vun der Grenz géif ginn, déi just wéilte mam Lëtzebuerger Gesondheetswiese Profitt schloen. Well si mir dann net d’Haifësch, déi Personal aus den Nopeschlänner ofzéien, andeem mer hinne besser Paien offréieren?
Musse mir eis dann net vläicht éischter de Virworf gefale loossen, datt mir d’Haifësch sinn, déi d’Gesondheetswiesen an eisen Nopeschlänner méi schlecht dostoe loossen, wéi et kéint sinn? Ech denken, datt mer ganz, ganz virsiichteg musse sinn, hei Scholdzouweisungen iwwert d’Grenz ewech ze maachen. A virun allem sollte mer hei net an e Scheema vum Schwaarzwäissdenke kommen!
Ech denken, aus de Riede vum haitegen Dag – an, Här President, ech kommen zum Schluss – eraushéieren ze hunn, datt e Konsens doriwwer besteet, datt een net esou weider ka maache wéi bis elo an datt d’Politik méi Responsabilitéit muss iwwerhuelen. Ech hoffen, datt dës Heure d’actualité duerfir just en éischten Ufank vun engem weideren a längerfristege Moderniséierungsprozess ass, deen esou séier wéi méiglech op d’Schinne gesat muss ginn. D’Problemer um Terrain si multipel an d’Regierung kann net einfach ewechkucken.
Merci.

Zesummenhang posts

A menger parlamentarescher Fro N°8287 wollt ech wëssen, wéi d’lëtzebuerger Regierung zur sougenannter Chatcontroll steet. Déi europäesch Pläng zur Chatcontroll, déi an der Propose
Leschte Mount hunn ech de Minister zur Ënnerbrengung vum Embassadeur zu New York befrot. Den Bausseminister huet erkläert, dass den Ambassadeur a permanente Vertrieder