Hënn an der Schoul

Bis elo war et esou, dass verschidden Enseignanten hiert Déier, zum Beispill hiren Hond, konnte mat an d’Schoul an an hir Klass huelen. Elo soll et awer esou sinn, dass  a verschiddene Schoulen d’Enseignanten hiert d’Déiere guer net méi dierfe mathuelen. An aner Schoulen dierfen nëmmen nach speziell ausgebilten Hënn mat engem Brevet matgeholl ginn. Hei dierfen dann och keng Hënn déi an der Ausbildung sinn méi eran.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister bestätegen, dass et a verschidden Schoulgebaier hei am Land dem Enseignant net méi erlabt ass, fir säin Déier mat an d’Schoul ze huelen?
    Wa jo, firwat dierfen a verschiddene Gebaier keng Déiere méi matgeholl ginn?

  2. Ginn et Reegel, ënnert wéi enge Konditiounen Déiere mat eng Schoul dierfe geholl ginn? Wa jo, wéi eng sinn dat?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 388

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene