Hëllefen fir kleng Entreprisen an Coronazäiten

Vill Entreprisë sinn am Moment op d’Hëllef vum Staat ugewisen, fir dës Krisenzäit, déi duerch d’Coronapandemie ausgeléist gouf, ze iwwerliewen. An dësem Kader huet d’Regierung eng ganz Réi Mesurë festgeluecht, mat deene verschidden Entreprisen a verschidde Secteure ënnerstëtzt solle ginn. Oft schéngt et awer esou, wéi wann et virrangeg déi grouss Entreprisë wieren, déi vu verschiddene staatleche Programme profitéieren kënnen. Esou zum Beispill den Fit4Resilience an den Fit4Digital-Programm “qui vise[nt] en particulier les entreprises ayant une certaine taille au sein de l’écosystème luxembourgeois”. Et handelt sech heibäi ëm Subsiden, déi sollen hëllefen d’Modernisatioun vun enger Entreprise ze finanzéieren. Dës Subside si mat bis zu 30’000 € am Kader vun Fit4Resilience a 5’000 € am Kader vu Fit4Digital verbonnen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Entreprisen, déi sech iwwert Covid-Hëllefen informéiere wollten, goufen am Kader vum Programm ReAct vun der Chambre de Commerce beroden?  Wéi vill Entreprisë mat manner wéi 10 Mataarbechter goufe beroden? Wéi vill mat méi wéi 10 Mataarbechter? 

  2. Wéi ass et mat Entreprisë, wou d’Independanten an der Etapp vun der création d’entreprise eng Befräiung vun de Cotisations sociales gerode kruten an dës och gemaach hunn? Wat fir Hëllefe stinn dësen Independanten zu Verfügung?  Wat fir Hëllefe stinn den Independanten zur Verfügung, wann hire Chiffre d’affaires 2019 nach ënnert 15’000€ louch? 

  3. Wéi vill Programmer/Aiden proposéiert de Staat fir Entreprisë mat engem Chiffre d’affaires 2019 vun • manner wéi 1 Millioun €? • 1 bis 10 Milliounen €? • méi wéi 10 Milliounen €?

  4. Wat fir ee Bilan kann d’Regierung no 6 Méint Covid-Kris a Covid-Hëllefen zéien, virun allem wat d’Hëllefe vu klengen a jonken Entreprisë betrëfft?  Wéi geséit et mat Pronosticken iwwert eng méiglech Faillitewell aus? Wéi vill kleng Entreprisë kéinten duerch d’Covid-19 Kris verschwannen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2898

Zesummenhang posts

D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an deene leschte Joren immens geännert. Zënter der Invasioun vun der Ukrain, der uschléissender Inflatioun an der Erhéijung vun
Wärend der Covid-19-Pandemie huet een erausfonnt, dass ee vill Zäit a Ressourcë ka spueren, andeems ee Reuniounen iwwert Videokonferenz ofhält. Esou goufe wärend der
An der Press gouf bericht, datt den US-amerikaneschen Entreprise SpaceX en Accord mat der indescher Firma vum Milliardär Mukesh Ambani ënnerschriwwen huet, fir de