Hëllefen fir Gaskonsummenten

Context:Aktualitéitsstonn zum Pouvoir d’achat

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Aner EU-Staaten hu Moossnamen agraff, fir spezifesch géint d’Präisentwécklung beim Stroum, Gas a Pëtrol virzegoen. Esou huet Frankräich eng Tarfibrems fir Gas a Stroum ugekënnegt an Italien wëll de Leit duerch Steiersenkungen hëllefen;
  • De Präis vum Naturgas ass vum 1te Juli 2021 bis den 1ten Februar 2022 ëm ronn 110% geklommen;
  • D’TVA ass domat ëm 3,76 Cent pro Meter Cube fir de Konsument geklommen;
  • De Staat hat domat 2021 ee Plus un TVA-Einnamen a wäert, wann d’Präisser sech net erëm berouegen, dëse Plus och 2022 hunn.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. de Staat dësen Iwwerschoss un Einnamen un TVA, dee säit dem 1ten Juli 2021 entstanen ass, a Form vun enger Aide un d’Gaskonsummenten zréck ze bezuelen.

D’Majoritéitsparteien DP, LSAP an déi Gréng hunn eis Motioun ofgewisen.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt