Hëllefe vun den Office sociaux

Am ofgeännerte Gesetz vum 18ten Dezember 2009 ass d’Aide sociale gereegelt. Iwwert d’Office sociaux kënnen d’Leit Hëllefe kréie fir Waasser-, Stroum- an Heizrechnungen ze bezuelen, fir Dokteschrechnungen ze bezuelen oder fir Iesswueren ze kréien. D’Unzuel u Persounen, déi op Hëllefen ugewise sinn, klëmmt all Joers. Laut Caritas Lëtzebuerg ass d’Frequentatioun vun den 12 Sozial-Epicerien iwwer déi lescht 5 Joer ëm 30 % erop gaangen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Demandë fir Hëllefe goufen an deene leschte 5 Joer vun den Office sociaux ofgeleent ? Aus wat fir enge Grënn ?

  2. Wéi vill Demande fir Hëllefe goufen an deene leschte 5 Joer vun den Office sociaux ofgeleent, mam Grond, dass gefroten Dokumenter net mat Zäite per Bréif eragereecht goufen?

  3. Wéi vill Persounen hunn an deene leschte 5 Joer op Grond vun enger ofgeleenter Demande ee Recours virum Conseil arbitral gemaach?

  4. Wéi vill Persounen hunn an deene leschte 5 Joer op Grond vun enger ofgeleenter Demande ee Recours virum Conseil supérieur des assurances sociales gemaach?

  5. Wéi vill vun dëse Persoune krute beim Recours viru béide Conseile Recht zougesprach?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7229

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen