Den Här Minister fir Mobilitéit huet an den Äntwerten op d’parlamentaresch Fro 131 vum honorabelen Deputéierte Goergen an op d’Fro 732 vun den honorabelen Deputéierte Gloden an Halsdorf Detailer iwwert de Fonctionnement vum Streckeradar vun der N11 ginn, deen nom Congé collectif opgeriicht an nach dëst Joer a Betrib geholl soll ginn.
Pro Richtung sollen 3 Maschinnen opgebaut ginn: Eng, déi d’Vitesse vun all Gefier um Ufank vun der Stréck moosst, eng, déi d’Vitesse zum Schluss mësst, an eng, déi am Fall vun engem Depassement vum Tempolimitt blëtzt. Fir dass e Chauffeur geblëtzt ka ginn, mussen déi dräi Maschinnen also perfekt zesummespillen a funktionéieren. Wann nëmmen eng Maschinn e Kennzeechen net erfaasst kritt, kann trotz enger ze héijer Vitesse net geblëtzt ginn.Toll Collect, déi am Kader vun der Kontroll vum Peage fir Camionen an Däitschland Kennzeechen am grousse Stil erfaassen a vergläichen, hu viru kuerzem op Ufro vum däitschen IFG missten zouginn, datt hir Apparater eng Feelerquote vu 4 bis 7 Prozent hätten. Wann een dës Informatioun bezüglech der Feelerquote bei der Kennzeechenerfaassung elo mam Fall vun der N11 a Verbindung sëtzt – wou dräi Maschinne mat Kennzeechenerkennung zesummeschaffe musse – ergëtt sech eng potenziell Feelerquot tëscht 11,52% (bei 4% Feeler pro Maschinn) an 19,56% (bei 7% Feeler pro Maschinn).Dës potentiell héich Feelerquoten erschwéiert zesumme mam Fait, datt bei de Radare keng “Rohmessdaten” gespäichert ginn (wéi de Minister an der Äntwert op d’Fro 798 vum honorabelen Deputéierte Goergen geschriwwen huet), natierlech d’Novollzéibarkeet vun de Resultater vun de Maschinnen erhieflech.
Andeem Zesummenhang huet de Sven Clement dem Minister fir Mobilitéit & bannenzeg Sécherheet dës Froe gestallt:
- Wéi héich gëtt den Hiersteller d’Feelerquot bei der Kennzeechenerkennung vun de Radaren, déi zu Lëtzebuerg agesaat ginn, un?
- Ginn et empiresch Studien oder Erfarungswäerter vun anere Benotzer, déi mat Maschinne mat der selwechter Hardware geschafft hunn, iwwert d’Feelerquot vun der Kennzeechenerkennung?
- Wéi gi Fäll, an deenen d’Placke vun engem Auto net zu 100% erkannt kënne ginn, vun der Software (déi jo aktuell nach ëmgaangen ass geschriwwen ze ginn, wéi aus der Äntwert ob d’Fro 732 ervir geet) behandelt?
- Ass et méiglech nodréiglech nozevollzéien, ob Basis vu wéi engen Donnéeën (oder feelenden Donnéeën) d’Maschinn decidéiert huet, ze blëtzen (oder eben och net ze blëtzen)? Falls jo: Wéi genee muss virgaange ginn, fir den Entscheedungswee nozevollzéien?
- Wien ass den Zouliwwerer vun de Komponente vum Streckeradar vun der N11?