Heescheverbuet – Polizist:innen aus anere Gemengen

De Méindeg 15te Januar huet d’Police ugefaangen an der Stad dat an der Seance vum 14ten Dezember an der Chamber diskutéierten Heescheverbuet ëmzesetzen an éischt Persounen ze protokolléieren. An der Presse war dann an dësem Kontext ze liesen, dass generell solle Polizist:innen aus aner Regiounen temporär ofgezu ginn an d’Equipe an der Stad ënnerstëtzen. Mir stellen eis hei konkret Froe wat dës Entscheedung ugeet a wëllen eventuell Mëssstänn verhënneren. Aus dësem Grond hu mir dem Här Minister konkret Froen heizou an der Froestonn vum 16te Januar gestallt. Den Här Minister wollt heizou keng Stellung bezéien an huet op déi nächst Kommissiounssëtzung verwisen. Dës ass op Grond vun der allgemenger Alerte rouge den 17te Januar annuléiert ginn. An deem Zesummenhang stelle mir dës an eisen Aen urgent Froen elo iwwert dëse Wee. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Aus wat fir Servicer sinn dës genannte Polizisten aus anere Gemengen ofgezu ginn? 

  2. Aus wat fir Gemenge goufen d’Beamt:innen ofgezunn a wat waren heifir d’Krittären? 

  3. Wat fir een Impakt huet dës nei Verdeelung vu Beamt:innen op d’Sécherheetssituatioun an de betraffene Gemengen an allgemeng op de Personalschlëssel?

  4. Den Här Minister huet dës Decisioune laut sengen eegenen Aussoen an der Froestonn ënnert anerem zesumme mat der Stad Lëtzebuerg geholl. Sinn och déi Betraffen aus den aner Gemengen an d’Gespréicher an d’Entscheedung mat agebonne ginn?

 

 

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene