Zuelen zur einfacher Heescherei – Nofro

Den Inneminister huet op meng parlamentaresch Fro n°145 geäntwert, dass d’Police an de leschte fënnef Joer 106 Protokoller wéinst organiséierter Heescherei ausgestallt huet an 6 Dossieren beim Parquet opgemaach goufen.

Wärend d’organiséiert Heescherei kloer ënner Strof steet, ass et bei der einfacher Heescherei net esou evident fir d’Police an d’Justiz, fir dës ënner Strof ze stellen. De Procureur vum Bezierk Lëtzebuerg hat op RTL de 17te Januar gesot “dass d’Mendicité simple am Code pénal net méi besteet. […] 2008 wier d’Immigratiounsgesetz op verschiddene Punkten geännert ginn (notamment den Artikel 563 vum Code pénal) an do hätt de Legislateur wuel “par inadvertance” een Artikel gestrach, an dem et och ëm d’Mendicité simple goung. Et géingen awer Leit ginn, déi géinge soen, dass déi einfach Heescherei de facto net ofgeschaaft gi wier.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet den Inneminister Zuelen dozou, wéi vill Persounen an de Joren 2019 bis 2023 wéinst einfacher Heescherei protokolléiert goufen?

  2. Op Basis vu wéi enge legalen Dispositiounen (Gesetzer, Gemengereglementer) huet d’Police d’Infraktioun vun der einfacher Heescherei an der Vergaangenheet festgestallt a protokolléiert?
    Wéi eng Beweiser an Indizie goufen heifir genotzt, fir dës Infraktioun kënne festzestellen?

  3. Wéi eng Informatioune kruten d’Polizisten an der Vergaangenheet (Consignen, Ausbildung an der Policeschoul, etc.) fir déi einfach Heescherei als Infraktioun z’erkennen an ze protokolléieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 403

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen