Deprecated: Use of "self" in callables is deprecated in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/a2-optimized-wp/core/A2_Optimized_CacheEngine.php on line 119
Havana-Syndrom – PIRATEN
Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Havana-Syndrom

Tëscht 2016 an 2020 gouf bei amerikaneschen Diplomaten an anere Regierungsbeamten ee Krankheetsbild festgestallt, wat d’Dokteren net kloer anuerdne konnten. No engem Drockgefill am Kapp hunn d’Beamten ë.a. Schwindel, Iwwelkeet a Schied um Gehier erlieft. Den éischte bekannte Fall gouf 2016 zu Havanna festgestallt, mëttlerweil ginn d’Autoritéite vun 130 méigleche betraffenen amerikanesche Beamten a ville verschiddene Länner aus. Et ass net kloer wien oder wat responsabel ass, fir dës “anomalous health incidents”. Russland gëtt vun Amerika als méigleche Schëllege genannt. Amerikanesch Fuerscher solle laut New York Times am gaange sinn, un engem Apparat ze schaffen, deen den “Havana Syndrom” kéint ausléisen. Den 8 Oktober huet de President Biden den HAVANA-Act ënnerschriwwen, ee Gesetz wat d’amerikanesch Beamten am Fall vun neurologeschen Attacke soll besser finanziell ofsécheren. Am Havana Syndrome Attacks Response Act gi méiglech Sanktioune géint Persounen an och Länner festgehalen, wann eng Schold géing festgestallt ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass dëse Sujet bei Gespréicher tëscht dem Minister a sengen Homologen opkomm?

  2. Wéi positionéiert Lëtzebuerg sech par Rapport zu dëse Virfäll?

  3. Gesäit de Minister d’Gefor, dass sech “anomalous health incidents” och kéinten op héisch Beamten an Diplomaten aus EU-Länner auswäiten?

  4. Huet d’USA schonn seng NATO-Partnerlänner ëm Hëllef gefrot?

  5. Wéi d’New York Times an engem Artikel vum 24ten Mee 2021 schreift:  “U.S. national-security agencies have a program under way to develop effective countermeasures. They are currently looking into what it might take to build a device that can cause brain injuries similar to those which have been observed in Havana Syndrome patients. As part of that effort, scientists at a military laboratory are planning on exposing primates to pulsed microwave radiation and then studying their brains.” Wéi positionéiert sech Lëtzebuerg par Rapport zur Entwécklung vun enger Maschinn, déi soll kënne Schied um Gehier ervirruffen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5373

Am Februar 2022 hunn d’Piraten nach eemol nogehaakt (parlamentaresch Fro n°5796) :

  1. Ginn et laut Informatioune vum Minister weder Fäll nach Verdachtsfäll vum “Havanna Syndrome” hei am Land?
  2. Wéi ee Service am Ausseministère oder engem anere Ministère ass zoustänneg, fir Informatiounen zum “Havanna Syndrome” ze verwalten?
  3. Am Fall, wou eng Persoun mengt Affer vun enger Attack ginn ze sinn, déi d’Havanna Syndrom zur Folleg huet, u wien kann dës Persoun sech adresséieren, fir dës Virfäll ze mellen? Wéi eng Autoritéit wier responsabel, fir esou Fäll ze traitéieren?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll