De Joresrapport vum Europäeschen Zentrum fir Preventioun a Krankheetsbekämpfung (ECDC) ass alarmant. An Europa sinn d’Fäll vu Gonorrhoe tëscht 2014 an 2023 ëm 321% geklomm, bei der Syphilis sinn +100%.
Zu Lëtzebuerg ass d’Zuel vun de Syphilis-Fäll massiv geklomm. De Rapport weist, datt Lëtzebuerg ënnert den 30 ënnersichte Länner deen héchste Ratio vun dëser Krankheet huet, mat 24,8 Fäll pro 100.000 Awunner, am Géigesaz zu 9,9 op europäeschem Niveau. Laut dem ECDC goufen 2023 bal 100.000 Gonorrhoe-Fäll an den EU/EWR-Länner registréiert (+31%) a méi wéi 41.000 Syphilis-Fäll (+13%). Zu Lëtzebuerg war et 2023 mat 606 Fäll eng Hausse vu 27,5%. D’Zuel vu Fäll mat Chlamydie just licht erop gaang (+7,1%).
D’Verbreedung vun den STIen géif besonnesch bei jonke Leit zouhuelen. Déi héchst Infektiounsquote vu Gonorrhoe wär bei Fraen tëscht 20 a 24 Joer (+46%). Déi meescht Chlamydie-Infektioune falen och bei de Fraen an dës Alterskategorie. D’Syphilis klëmmt besonnesch bei Männer tëscht 25 a 34 Joer, bei de Fraen ass se an allen Alterskategorien eropgaang. Déi meeschte Fäll (72%) goufe bei Männer festgestallt, déi sexuell Kontakter mat Männer hunn.
Besuergneserreegend ass dowéinst d’Entwécklung vu resistente Stämm géint Antibioticken, wat besonnesch bei der Behandlung vu Gonorrhoe bedenklech ass. Onbehandelt kënne Gonorrhoe, Syphilis a Chlamydien zu schwéiere Gesondheetsproblemer féieren.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi erkläert sech d’Ministesch dës staark Hausse bei de Fäll vu Syphilis?
-
Wéi eng konkret Moossname plangt d’Regierung ze huele fir dës dramatesch Hausse vu sexuell iwwerdrobare Krankheeten zu Lëtzebuerg ze bekämpfen, besonnesch well mir den héchste Syphilis-Taux an Europa hunn?
-
Ass eng breet Preventiounscampagne bei jonke Leit geplangt, virun allem well d’Zuele bei de 20-24 Järege staark klammen?
-
Wéi eng Moossname ginn agesat fir d’Resistenz géint Antibioticken ze bekämpfen? Hu mir zu Lëtzebuerg genuch Alternativen am Fall wou Behandlungen net méi uschloen?
-
Gëtt et en zentrale Koordinatiounsplang fir d’Zesummenaarbecht tëscht den Dokteren an de Spideeler an dësem Kontext ze organiséieren?
QP Nummer 1942