Dës Hausaufgabenhëllef hëlleft net

De 7te Juli huet den aktuelle Bildungsminister Claude Meisch d’Konzept vun der neier Hausaufgabenhëllef virgestallt, déi ab der nächster Rentrée soll agefouert ginn. 

D’Piraten bedaueren d’Ëmsetzung vun dëser Moossnam, déi, wéi villes bei der DP-Kanner a Familljepolitik, net gutt duerchduecht ass. Ufanks war festgehale ginn, dass d’Hausaufgabenhëllef an de Schoule selwer soll duerchgefouert ginn. Dat wäert awer net de Fall sinn an dës wichteg Aufgab gëtt elo un d’Maisons Relais’en ofgedréckt, déi haut schonn op ville Platzen am Land komplett iwwerlaascht sinn.

D’Mandy Arendt, selwer Sozialpedagogin mat Erfarungen an enger Maison relais, mécht ee ganz niichtere Bilan vun dëser Moossnam:

D’Leit um Terrain goufen och hei erëm net gefrot vum Här Meisch. D’Educateuren, déi des Hausaufgabenhëllef sollen assuréieren, sinn dem Ministère wuehl net wichteg genuch, well sos géif ee sech mat de Gewerkschaften zesummesëtzen, fir mol ze kucken, wat aktuell scho vu Moossname queesch duerch d’Land en place sinn, wéi een dës nei Hausaufgabenhëllef ëmsetze kann, wat fir zousätzlech Ressourcë mobiliséiert musse ginn a wéi dëse Service op laang Dauer kann assuréiert ginn, grad am Kontext vum Personalmangel an eisem Sektor.

 

De Beruff fir Educateur an enger Maison Relais ze ginn, gëtt ëmmer manner attraktiv. Hautzedaags kommen ëmmer méi Leit an der Beruff eran, déi weder Erfarung nach Formatiounen hunn. An déi sollen dann do eis Kanner encadréieren, déi oftmools Schwieregkeeten hunn an der Schoul nozekommen. Och d’Ausbildung als Hëllefserzeiher, Erzeiher a Sozialpedagoge gesäit a kengem Cours vir, wéi ee soll engem Kand eng Sprooch a Rechne bäibréngen. Wéi solle mer eis dat virstellen? Mënschen, déi selwer nach d’Kompetenzen net hunn mussen dës dann un d’Kanner viru ginn?

 

Fazit: d’gratis Maison Relais an d’Hausaufgabenhëllef wäerten d’Leit um Terrain viru grouss Erausfuerderunge stellen an engem Kontext wou et lo schonn u Ressourcë feelt. D’Educateure kréien de Ball zougeschoss a solle lo kucken, wéi se domadder eenz ginn.

D’Piraten erënneren an deem Zesummenhang dann och nach eng Kéier drun, dass och net all Kanner vun dëser Moossnam kënne profitéieren. «Wir werden nicht alle in den Maisons Relais aufnehmen können», esou titelt L’essentiel een Artikel vum 2te Juli d’Situatioun, déi a ville Gemengen hei am Land Realitéit ass. 

Mir Piraten bleiwen dofir weiderhi bei eiser Fuerderung, dass eng Familljepolitik vum Choix muss Prioritéit kréien: de chèque-service accueil soll zu engem Deel direkt un d’Leit ausbezuelt ginn, fir déi Elteren, déi hier Kanner net an eng Betreiungsstruktur wëllen oder kënne schécken. Dat géif och d’Betreiungsstrukturen entlaaschten an Drock vum aktuelle System huelen.

Zesummenhang posts

Den LCGB huet matgedeelt, datt d’Sécherheetsfirma Protection Unit hir Aktivitéiten astellt an ee Repreneur sicht. D’Firma schafft fir eng Villzuel u staatleche Verwaltungen, parastaatlechen
Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen