Nom EU-Geriichtshaff erfëllt Fleesch, dat als halal bezeechent gëtt, net d’Konditioune vun enger biologescher Déierenzuucht. Effektiv ginn d’Déiere fir halal ze produzéiere lieweg ausbludde gelooss, eng Praxis déi fir d’Wuel vum Déier wuel guer net respektéiert. D’Piraten hunn der Regierung dozou eng parlamentaresch Fro gestallt.
Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:
Fir en europäescht Bio-Label ze kréie muss een als Fleeschproduzent ënnert anerem och gewësse Standarde bei der Schluechtung vun Déieren anhalen. Den europäesche Geriichtshaff huet a sengem Communiqué vum 26.
Februar 2019 dofir festgehalen, dass als halal gekennzeechent Fleesch net mam Label vu biologescher Déierenzuucht vereenbar ass. Halalt Fleesch staamt nämlech vun Déieren, déi ouni Betäubung geschluecht goufen
a steet domat am Kontrast zum Artikel 14 Punkt b) vun der EU-Richtlinn n°834/2007 iwwer d’ökologesch Produktioun a Kennzeechnung, déi Folgendes festhält: “toute souffrance, y compris la mutilation, est réduite au
minimum pendant toute la durée de vie de l’animal, y compris lors de l’abattage”. De Bio-Label vun der EU däerf, dem Europäesche Geriichtshaff no, net op Fleescherzeugnisser apposéiert ginn, déi vun Déiere stamen, déi ouni Betäubung geschluecht goufen. Ausserhalb vun der EU gëllen dës Virschrëfte fir biologesch Liewensmëttel awer net onbedéngt. Dëst mëscht et schwéier ze kontrolléieren, ob biologescht Fleesch aus Net-EU-Länner no Halal-Prozedure geschluecht gouf oder net.
An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:
- Opgelëscht no Hierkonftsland an no Joer: wéi vill Kilo halalt Fleesch si säit 2015 a Lëtzebuerg importéiert ginn? Wéi vill Prozent dovu war biologesch? Opgelëscht no Joer: Wéi vill Prozent vun de Fleeschprodukter, déi zu Lëtzebuerg verkaf goufen, waren als halal gekennzeechent? Wéi vill dovu ware biologesch?
- Awéifern ass d’Distributioun vun als halal gekennzeechentem Fleesch zu Lëtzebuerg konform mam Artikel 9 vum lëtzebuergeschen Déiereschutzgesetz vun 2018?
- Gesäit d’Regierung vir, lëtzebuergesch Verbraucher besser iwwert d’Ënnerscheeder tëscht Bio-Label aus der EU an aus dem Ausland opzeklären?
D’Piraten hunn an dësem Kontext nach eemol nogefrot, firwat d’Produktioun vun halal Fleesch verbueden ass, d’Vente awer erlaabt.