De lëtzebuergesche Groussherzog ass de Sonnden a China vum chineesesche President offiziell empfaange ginn. De Premierminister hat nach um Freideg gesot, de Grand-Duc wier a senger Funktioun als Member vum IOC zu Peking an net a Funktioun vu sengem Titel als Staatsoberhaupt. Dës feinspëtzeg Differenzéierung schéngt an der internationaler Press awer net esou verstane ginn ze sinn. Verschiddene Plattformen ënnersträichen dem Groussherzog seng Funktioun als Staatsoberhaupt vu Lëtzebuerg. Op enger Foto, déi an engem Artikel vum Tageblatt vun der Plattform Xinhua genotzt gouf, erkennt een de Grand-Duc zesumme mam chinesesche President virun de lëtzebuergesche Fändelen. Weider heescht et, dass de Grand-Duc mat sengem chineesesche Pendant iwwert Inhalter diskutéiert soll hunn, déi “durchaus politische Züge” gehat sollen hunn an deemno iwwert de Kader vu senger Funktioun als IOC-Member erausgaange sinn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wëssend, dass de Groussherzog a privater Missioun als Member vum IOC a China gereest ass, wien huet autoriséiert, dass beim Empfang tëschent dem Groussherzog an dem chineesesche President lëtzebuergesch Fändele géife benotzt ginn?
-
Ass de Premierminister iwwert den Empfaangsprotokoll a China informéiert ginn?
-
Wéi bewäert de Premierminister d’Situatioun, dass de Grand-Duc mam chineesesche President iwwer Inhalter diskutéiert huet, déi iwwert de Kader vu senger Missioun als IOC-Member erausgaange sinn an, wéi d’Tageblatt schreift, “durchaus politische Züge” haten?
-
Am haitege Mëttesjournal op RTL huet den Ausseminister kloergestallt, dass hien, am Virfeld vun der Entrevue tëschent dem Grand-Duc an dem chineesesche President, mat him iwwer aussepolitesch Inhalter geschwat huet, déi de Grand-Duc wärend dem Gespréich sollt evoquéieren.
Inwiefern sinn dës Gespréichstheemen, am Kader vun enger IOC-Missioun vu Relevanz?
Wëssend, dass de Groussherzog Lëtzebuerg net offiziell zu Peking vertrëtt, wat war de Sënn an Zweck vun dëser Entrevue?
QP Nummer 5698