Grenziwwerschreidende Steiergestaltunge

Den europäesche Rechnungshaff huet a sengem Bericht 27/2024 festgestallt, datt just 16 Prozent vun den ausgetauschte Meldungen zu grenziwwerschreidende Steiergestaltunge vun de fënnef ënnersichten EU-Memberstaate fir weider Prozedure benotzt goufen. Lëtzebuerg, als wichtege Finanzstanduert an der EU, huet tëscht 2020 an 2023 5,1 Prozent vun alle Meldunge gemaach, wat eis op déi 5. Plaz an der EU setzt.
An deem Kontext ass et wichteg ze verstoen, wéi effektiv eis Prozedure fir d’Evaluatioun vun dësen Donnéeë sinn, besonnesch well de Rechnungshaff drop hiweist, datt Lëtzebuerg als eenzege vun de fënnef ënnersichte Memberstaaten eng systematesch Qualitéitskontroll vun allen DAC6-Rapporten duerchféiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Meldunge vu grenziwwerschreidende Steiergestaltungen huet Lëtzebuerg an der Period 2020-2023 vun anere Memberstaaten erhalen a wéi vill hu mir un aner Memberstaate geschéckt? Kënnt Dir dës Zuelen no Joer an no Land opschlësselen?

  2. Wéi vill vun dëse Meldunge goufen analyséiert a wéi vill hunn zu enger Nofro bei de jeeweilege Steierflichtege gefouert?

  3. Wéi gesäit d’Prozedur vun der systematescher Qualitéitskontroll vun den DAC6-Rapporten zu Lëtzebuerg aus a wéi eng Critèrë ginn dobäi consideréiert?

  4. Wei vill Personal steet fir d’Analys vun dësen Donnéeën zur Verfügung a gëtt dëst als ausräichend ugesinn?

  5. Wei héich schätzt de Minister de Steierausfall duerch net identifizéiert oder net analyséiert grenziwwerschreidend Steiergestaltungen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1920

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen