Greenpeace géint Pensiounsfong

 Den 11te Mäerz huet Greenpeace eng Plainte bei der OECD géint de Pensiounsfong (FDC) agereecht. Greenpeace reklaméiert, dass d’Investitiounsstrategie vum Pensiounsfong net d’Guidelines for Multinational Enterprises vun der OCED respektéiert, well et un due digilence Aarbecht feelt. Laut ESG Investor ( https://www.esginvestor.net/luxembourg-sovereign-pension-fund-subject-to-oecd-complaint/ )  wënscht Greenpeace sech mat dëser Mediatiounsprozedur erëm een Austausch tëscht dem FDC an der ONG selwer.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi positionéiert sech d’Regierung als Deel vun dem Conseil d’administration vum FDC zu dëser Plainte bei der OECD?

  2. Wäert d’Regierung sech dofir asetzen, dass den FDC sech erëm mat Greenpeace an aneren Organisatiounen an der Zivilgesellschaft un den Dësch setzt, fir iwwert d’Investitiounsstrategie ze schwätzen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 562

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt