Deprecated: Use of "self" in callables is deprecated in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/a2-optimized-wp/core/A2_Optimized_CacheEngine.php on line 119
Wunnengs-Tuerm zu Déifferdeng: Chancëgläichheet fir Läit mam décke Portmonni? – PIRATEN
Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Wunnengs-Tuerm zu Déifferdeng: Chancëgläichheet fir Läit mam décke Portmonni?

Op verschiddene Plattformen (Radio, online Ads) leeft zurzäit eng Publicitéit fir eng Stee vu verschiddenen héichwäertegen Appartementer am Gravity Tower zu Déifferdeng. Bei dësem Bauprojet bitt d’Gemeng Déifferdeng 80 Appartementer zu abordabele Präisser zum Verkaf un, ënnert dem Regime vun engem Virkafsrecht vum Vendeur zu fix gereegelte Präisser. Nichtsdestotrotz ass an de Pläng virgesinn, dass 2 Duplex- an 2 Triplexstudioen op den ieweschte Stäck – also a beschter Lag – sollen un de Meeschtbiddende versteet ginn. D’Stee leeft nach bis de 26te Mäerz.

An Zäiten, wou et souguer fir Guddverdinger bal onméiglech ass, sech um private Logementsmarché een Appartement kënnen ze leeschten, stellt sech d’Fro, ob et ethesch korrekt ass, déi iewescht Stäck nom Prinzip vun engem Basar un de Meeschtbiddenden ze verkafen. D’Symbolik hannendrun schwätzt Bänn: de Räiche kritt d’Plaz ganz uewen, um Troun souzesoen, wärend d’Normalbiergerinnen a Bierger guer keng Chance op dës Logementer kréien. Grad Familljen mat Kanner sollte bei esou engem Projet gehollef kréien, well si an der Moyenne wéinst der Gréisst vun der Wunneng méi héich Wunnkäschten hunn. D’Virgoensweis vun der Stée ënnergrueft deemno de soziale Charakter vun dësem Tuerm, deen ee Symbol vu Chancegläicheet an Inklusioun kéint sinn an een ëffentlecht Zeechen géint den héich spekulative Wunnmarché sollt setzen.

De Logementsministère ass mat 40 Milliounen Euro um Bau vum Gravity Towert bedeelegt. De Logementsminister gëtt op gouvernment.lu wéi follegt zitéiert
“Henri Kox a souligné: “Wat mir bauen bleiwt, an zwar fir emmer an dat öffentlech, bezuelbar a nohalteg.””

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass et déi éischte Kéier, dass bei engem vum Logementsministère matfinanzéierte Projet eng ëffentlech Stee organiséiert gëtt? Falls nee, bei wéi enge Projete war dat soss nach de Fall?

  2. Wéi vill kascht d’Werbecampagne, déi aktuell fir d’Stee vun de Wunnengen am Gravity Tower leeft (opgeschlësselt no folgende Medien: Radio, TV, Online an Drock). Mat wéi engem Budget gëtt dës Werbung bezuelt? 

  3. Wéi steet d’Regierung zum Prinzip, datt bei deene 4 Duplexen an Triplexe Leit ouni Suen ausgeschloss a Leit mat déckem Portmonni privilegéiert ginn oder, aaneschters formuléiert, wou Leit no ökonomesche Krittäre aneren Demandeuren virgezu ginn? 

  4. Gouf den Aspekt vun der Chancëgläichheet bei dëser Stee mat a Betruecht gezunn? 

  5. Bewäert d’Regierung dës Virgoensweis als ethesch korrekt, sozial gerecht an am Aklang mat de Prinzippie vum soziale Wunnengsbau? Falls jo, wéi? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3732

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll