Gratulujeme – Gratulatioun un eis Tschechesch Schwester Partei

Den 8ten an 9ten Oktober waren an Tschechien national Walen. Bei dësen ass eis tschechesch Schwësterpartei Česká pirátská strana mat hirem Lëschtepartner STAN zur drëttstäerkste Kraaft am tschechesche Parlament gewielt ginn. Mat 15,6% vun de Stëmme konnten si d’Wieler iwwerzeegen an hunn sech esou eng Plaz an der nächster Regierung geséchert. Eng Première, déi éischt Piraten déi wäerten an engem Land matregéieren!

 

D’Pirate gratuléieren hirer Schwësterpartei fir déi haart Aarbecht déi si an deene leschte Wochen a Méint wärend de Wale geleescht hunn, a fir hiren ernéiten Anzuch an d’Parlament. Mat der STAN Partei zesummen hunn d’Piraten sech dann och onëmgänglech gemaach, wat d’Formatioun vun enger neier Regierung ugeet. De viraussiichtlech neie Premier an Tschechien, de Petr Fiala, huet seng Lescht vu Ministere scho publizéiert an d’Pirate wäerten net nëmmen Deel vun dëser Regierung sinn, mee d’Zukunft vum Land ganz entscheedend matgestalte kënnen.
De Petr Fiala huet den Ivan Bartoš, de Parteipresident vun den tschechesche Piraten, als Minister for Regional Development and Digitalisation nominéiert. Donieft soll den Deputéierte Jan Lipavský Ausseminister ginn an de Michal Šalomoun Minister of Legislation. 4 weider Pirate wäerten am Parlament hier Plaz fannen.

D’Lëtzebuerger Pirate freeë sech mat hirer Schwësterpartei a wënschen hir vill Erfolleg an der nächster Regierung. Mir wënschen och de 4 Deputéierte vill Erfolleg an eng konstruktiv Aarbecht am Parlament. Mir sinn iwwerzeegt, dass si wäerte ganz Europa weisen, wat d’Piraten alles kënnen ëmsetzen, wann se bis matregéiere kënnen.

Gratulujeme a přejeme hodně štěstí! – Gratulatioun a vill Erfolleg!

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene