Gratis Schoulbicher

Säit der Rentrée 2018/2019 kënne Schüler*innen an de Lycéeë gratis hir Schoulbicher kréien. D’Schüler kënnen entweder nei Bicher kréien oder Gebrauchtener huelen an da fir 50% vu Wäert vum Buch ee Bong kréien. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persoune hunn bis elo vun der Offer u Second-hand Bicher gebrauch gemaach an dofir en Akafsbong kritt?
  2. Wéi vill huet de Staat fir d’Rentréeën 2021 an 2022 un d’Librairië bezuelt fir déi verschidde Schoulbicher (opgelëscht no Librairie)?
  3. Wéi vill Bicher goufe fir d’Rentréeën 2021 an 2022 bestallt, dann awer net ofgeholl?
  4. Verschidde Bicher kann een sech gebraucht als Schüler bestellen. Wéi vill Prozent vun de Bicher ginn als gebrauchte Bicher dat Joer duerno weider verdeelt?
  5. Kritt de Lëtzebuerger Staat Remisen vun de Librairien wéinst den groussen Quantiéiten u Bicher? Wa jo, wéi vill?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7113

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen