GouvID – Wäert déi nei staatlech Applikatioun och vum Privatsecteur benotzt kënne ginn?

Rezent huet de Minister déi nei Applikatioun GouvID virgestallt, déi et Persoune mat neier Carte d’identité erlaabt, sech iwwert den Chip aus hirer Kaart online ze identifizéieren. Wien nach keng Carte d’identité mat Chip huet an awer eng ausgestallt kréie wëll, éier déi al ofleeft, kann esou eng Kaart bei senger Gemeng ufroen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert GouvID och am Privatsecteur kënnen zum Asaz kommen, fir et privaten Acteuren ze erméiglechen, Clienten iwwer GouvID ze identifizéieren?

  2. Falls jo: Bis wéini ka mat engem Asaz am Privatsecteur gerechent ginn?
    Falls nee: Firwat soll de System op staatlech Demarche limitéiert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5712

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt