De Fall vun der Caritas ass nach ëmmer ganz present an et stellen sech nach ëmmer eng ganz Rei Froen. De Volet vun der GLS gouf entretemps vun HUT iwwerholl an déi meescht Proprietairen dierften antëscht een neie Kontrakt mat HUT ënnerschriwwen hunn. Verschidde Proprietairen haten hire Kontrakt awer gekënnegt a sinn dowéinst elo nach ëmmer mat massive Problemer konfrontéiert.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°1697 huet de Minister dëst gesot: “Wéi ville Proprietären ass d’Caritas de Moment nach Loyere schëlleg an ëm wat fir e Montant geet et hei insgesamt? D’Contrôle diesbezüglech si nach amgaang: et gëtt eng komplett Reconciliatioun gemaach, well en Ofschloss muss gemaach ginn doduerch datt di Kontrakter entweder einfach résiliéiert ginn oder HUT nei Kontrakter mat de Proprietären ënnerschriwwen huet, wouduerch d’Situatioun ännert. Soubal déi Reconciliatioun ofgeschloss ass an d’Liquiditéiten do si wäerten d’Solden iwwerwise ginn.” Ass de Contrôle entretemps ofgeschloss ginn? • Wa jo, wéini gouf de Contrôle ofgeschloss? • Wa nee, firwat net? • Wa nee, wéini soll en ofgeschloss sinn?
Mir goufe vu Proprietaire kontaktéiert, déi hire Kontrakt mat der Caritas gekënnegt hunn, déi awer fir déi lescht 6 Méint, also zënter Oktober, guer keng Loyere méi vun der Caritas bezuelt kruten. Wéi ville Proprietairen ass d’Caritas nach Loyer schëlleg a ëm wat fir Montante geet et dobäi insgesamt (opgeschlësselt no Proprietaire)?
Eis gouf zougedroe, dass d’Caritas Proprietairen, deenen si nach Loyere schëlleg sinn, äntwert, dass de Problem bei de Banke leie géif, déi trotz ee puer Rappeller d’Sue fir d’Bezuele vun de Loyeren net wéilt deblockéieren. D’Virement géife laut der Caritas scho säit enger méi laanger Zäit prett leien, mee d’Bank géifen se net exekutéiert. Firwat blockéieren d’Banken hei esou vehement d’Bezuele vun den nach geschëllte Loyeren, obwuel déi entspriechend Dokumentatioun do ass fir d’Rechtméissegkeet dovun ze beweisen?
Proprietairen, déi hire Kontrakt mat der Caritas gekënnegt haten, hu keen neie Kontrakt mat der HUT ënnerschriwwen. Zënter September 2024 huet d’Caritas keng Konventioun “Gestion locative” méi mam Staat. Well et am Fall vun enger Kënnegung en Délai de préavis vu 6 Méint gëtt, dierft d’Caritas also Stand 1ten Abrëll 2025 keng Wunneng méi am Kader vun der GLS verlount hunn. Kann de Minister bestätegen, dass d’Caritas keng Wunnenge méi am Kader vun der GLS verlount an all d’Wunnengen, fir déi d’Kontrakter gekënnegt goufen, nees fräi sinn?
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°1697 steet ze liesen: “Laut den Decompten déi dem Ministère zum 07.01.2025 virleien (Caritas: Abrëll bis Juni) an (HUT Oktober bis Dezember) ass Unzuel vun de Wunnengen déi ënnert der Konventioun GLS lafe vun 83 ob 79 gefall. Dëst si 4 Wunnenge wat an der Gestion locative sociale als normal Fluktuatioun unzegesinn ass.” Wei ass déi Zuel zum 1.4.2025 – also nodeems d’GLS vun der Caritas ausgelaf ass?
QP Nummer 2194