Global Education Monitoring Report

De 24te Januar ass den International Day of Educatioun. Den UNESCO Global Education Monitoring Report 2024 weist drop hin, dass weltwäit 251 Millioune Kanner a Jugendlecher net an d’Schoul ginn. Besonnesch alarmant ass och, dass 70 Prozent vun den zéng Joer ale Kanner a Länner mat niddregen a mëttlere Revenu net an der Lag sinn, eng einfach Geschicht ze liesen an ze verstoen.

Am Kontext vun de Sustainable Development Goals (SDG 4) an dem Zil vun enger inklusiver a qualitativ héichwäerteger Bildung fir jiddereen, ass et wichteg ze verstoen, wéi Lëtzebuerg sech an dësem globale Kontext positionéiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass den SDG och op Lëtzebuerg applikabel?
    • Wa jo, wat fir e Budget an Investitioune sinn hei konkret virgesinn?
    • Wa jo, ass Lëtzebuerg momentan um Wee, fir déi festgeluechten Ziler  vum SDG 4 bis 2030 ze areechen, a wéi eng Mesuren si virgesi fir dës Zieler ze erreechen?

  2. Wéi vill Prozent vun de Kanner a Jonken hei am Land kënnen net richteg liesen oder schreiwen?

  3. Wéi eng Programmer a Ressourcë setzt d’Regierung an, fir sécherzestellen, dass all Schüler déi fundamental Fäegkeeten am Liesen, Schreiwen a Rechnen entwéckelt?

  4. Wéi evaluéiert d’Regierung de momentanen Niveau vun dëse Basis-Kompetenze bei de Schüler, a wéi eng Mesurë gi geholl, wann Defiziter festgestallt ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1836

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt