Ginn et energieautark Gemengen?

De Professor Phillip Dale huet zesumme mat Science.lu d’Fro analyséiert huet, ob Lëtzebuerg kéint säin Energiebedarf zu 100% selwer a klimaneutral hierstellen (https://science.lu/de/science-check-energiewende-erneuerbare-energien/kann-luxemburg-seinen-energiebedarf-zu-100-klimaneutral-selbst-herstellen ). Laut dem Wëssenschaftler ass dat theoretesch méiglech. 

2020 huet Lëtzebuerg 7,5% vu sengem Energieverbrauch duerch lokal produzéiert erneierbar Energië konnten decken. Aus der Äntwert vun der parlamentarescher Fro n°5500 ass ervirgaangen, datt 2022 nëmmen op 4% vun de Gebaier vun der Verwaltung fir ëffentlech Baute PV-Anlagen waren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Prozent vun eisem Energieverbrauch deckt Lëtzebuerg momentan duerch Energieimporter?

  2. Wéi vill Gemengen zu Lëtzebuerg sinn energieautark?
    Wéi eng Gemenge sinn dëst?

  3. Wéi vill Prozent vun hirem Energieverbrauch kënnen déi eenzel Gemengen mat allem wat un Energie an der jeeweileger Gemeng produzéiert gëtt, decken?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 755

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen