Gi Whatsapp & Messenger och beim Staat benotzt?

Published by Sven Clement on

Den däitschen Bundesauftragte fir Dateschutz an Informatiounsfräiheet huet rezent rappelléiert, datt d’Benotze vun der Applikatioun «WhatsApp» fir Ministeren an Institutiounen net konform zu den Dateschutzbestëmmungen ass. Hien weist ënnert anerem drop hin, datt de Staat eng Virbildroll huet, wann et ëm Dateschutz geet.

Duerch d’Benotze vun dëse Plattforme ginn all Kéiers Metadonnéeë vun de Benotzer un déi jeeweileg Konzerner weidergeleet. Dëst biergt e gewësse Risiko fir d’Confidentialitéit vun dëse sensibelen Donnéeën.

An der Äntwert op meng Question parlementaire n°1754 gouf präziséiert: „Mam CTIE a mat den Nationalarchiven huet de Staat en elektroneschen Archivsystem an d’Liewe geruff, deen eng Konservatioun op laang Dauer, an a Konformitéit mat den internationalen Normen erméiglecht. Mat dësem System ginn d’Integritéit, d’Authentizitéit, d’Perennitéit an d’Lisibilitéit vun den Donnéeën op Dauer garantéiert.»

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gëtt an de Ministèren op Applikatiounen, wéi «Facebook-Messenger», «WhatsApp» oder «Viber» zréckgegraff ? Wa jo, gedenkt den Här Minister dëst an Zukunft aus Dateschutzgrënn ze ënnerbannen ?

  2. Leeft eng vun dësen Applikatiounen ob den Déngschthandye vun de Ministeren ? Wa jo, gedenkt den Här Minister dëst an Zukunft aus Dateschutzgrënn ze ënnerbannen ?

  3. Ass ugeduecht, d’Kommunikatioun tëscht Regierungsvertrieder oder Institutiounen an Zukunft iwwert eng verschlësselt, sécher Verbindung ze assuréieren ?

  4. Falls déi ugefouerten Acteuren op dës Applikatiounen zréckgräifen, ginn dës Donnéeën no deem Prinzip archivéiert, wéi en an der Äntwert op meng Question parlementaire n° 1754 erkläert ginn ass ?


0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.